
Fir ee war dat Neiland, fir dat hei am Land matzemaachen. De Chris Philipps hat bis elo bei de Seniore just op Profi-Niveau gespillt. Zanter der Wanterpaus ass de 26 Joer ale fréiere Profi vum FC Metz awer elo beim FC Wolz 71 ënner Kontrakt.
7 Joer war de Chris Philipps beim FC Metz an huet an där Zäit, nieft senger Formatioun, och ëmmerhin 31 Matcher an der Ligue 1, der héchster Divisioun a Frankräich, fir d’Grenat Opweises. Mat Legia Warschau konnt de 55-fachen FLF-Nationalspiller den Doublé a Polen realiséieren. No engem kuerzen Intermezzo zu Lommel an der Belsch ass den defensive Mëttelfeldspiller elo emol op Lëtzebuerg zeréckkomm. Et ass schonn eng aner Welt. Dat huet awer éischter mat der aktueller Situatioun op eisem Planéit ze dinn, seet de Chris Philipps.
“Et war grondsätzlech anescht wéi dat, wat ech elo an de leschte Joren am Ausland erlieft hunn. Dat huet awer manner domat ze dinn, datt et zu Wolz oder zu Lëtzebuerg war, mä allgemeng d’Situatioun, déi mer kennen. Mir haten awer d’Méiglechkeet a Véierer-Gruppen ze trainéieren.”
Et ass awer kloer, datt op sportlechem Plang, beim dach éischter Amateur-Championnat hei am Land, net alles kann d’nämmlecht si wéi bei de Profien.
“Et ass schonn anescht wéi bei de Profien, wou s de 2 Mol den Dag kanns trainéieren. Hei ass dat net méiglech, hei ass dat 1 Mol den Dag méiglech, well nach Leit schaffe ginn. Eis Trainer hunn eis awer beschtméiglech virbereet fir den éischte Match.”
Am Prinzip géif den FC Wolz 71 e Sonndeg de Mëtteg um 16 Auer beim Stater Racing spillen. An der Tabell gesäit et no 9 Spilldeeg jiddwerfalls ganz gutt aus fir den Opsteiger. Wolz steet op der 4. Plaz, just 3 Punkten hannert dem Zweete Fola.