Internationale FuttballFirmino käppt Liverpool un d'Tabellespëtzt

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet a Frankräich Lille gewonnen a bleift Tabellenéischten. An Italien huet den AC Mailand Punkte géint den Ofstigskandidat Genua leie gelooss.
© AFP

Am internationale Futtball ass e Mëttwoch den Owend ënnert anerem an England, Italien, Spuenien an a Frankräich de Ball gerullt.

Iwwerdeems war et an Däitschland d’Suite vum 12. Spilldag an der Bundesliga.

Premier League

Liverpool - Tottenham 2:1
1:0 Salah (26'), 1:1 Son (33'), 2:1 Firmino (90')

Liverpool huet an der éischter Hallschent kloer den Toun uginn, awer nëmmen eng vu senge Chancë genotzt. An der 26. Minutt hat de Salah d’Reds verdéngt, wann och glécklech a Féierung bruecht. Nodeems den Jones de Ball verluer hat, huet de Salah sech dat ronnt Lieder nach gekroopt an aus ronn 14 Meter an de Filet gesat. De Schoss war nach ofgefälscht ginn. Kuerz drop huet d’Ekipp vum Klopp awer kuerz net opgepasst, sou datt de Son op 1:1 setze konnt. Mat dësem Score ass et an d’Paus gaangen.

An den zweete 45 Minutten hu sech béid Veräiner näischt geschenkt an et ass ëmmer nees hin an hier gaangen. Op béide Säiten huet et allerdéngs un der néideger Prezisioun gefeelt. Bei Liverpool war bei enge vun de ville gudde Chancen d’Lat am Wee, bei Tottenham war et de Potto, deen d’Féierung verhënnert huet. Sekonne viru Schluss huet de Champion dunn allerdéngs nach eng Kéier zougeschloen. De Firmino huet den decisive Gol mat engem Käpper makéiert, sou datt Liverpool de Spëtzematch mat 2:1 gewonnen huet.

An der Tabell läit Liverpool un der Spëtzt an dat mat engem Virsprong vun 3 Punkten op Tottenham.

Arsenal - Southampton 1:1
0:1 Walcott (18'), 1:1 Aumbameyang (52')

Arsenal deet sech dës Saison weider schwéier a ka mat de Resultater net zefridde sinn. E Mëttwoch den Owend gouf et fir déi deziméiert Ekipp een 1:1-Remis géint Southampton, eng vun de Spëtzenekippen an dëser Saison. No 18 Minutte sinn d’Gäscht duerch e Gol vum Walcott a Féierung gaangen. Et war eng verdéngten 1:0-Féierung an der Paus. Arsenal huet vir ze wéineg gebueden an hannen ze vill zougelooss. Eng Kéier huet Southampton dat an den éischte 45 Minutten ausgenotzt.

An der zweeter Hallschent konnt Arsenal duerch e Gol vum Aubameyang op 1:1 ausgläichen. Fir d’Lokalekipp war dat deen éischte Gol no 1073 Minutten aus dem Spill eraus. Béid Ekippen hunn an de Schlussminutten d’Victoire verpasst, sou datt et beim 1:1 bliwwen ass.

© AFP

Leicester - Everton 0:2
0:1 Richarlison (21'), 0:2 Holgate (72')

Am Duell tëscht dem Tabellevéierten Leicester an dem Tabellefënneften Everton huet sech d’Ekipp vum Ancelotti behaapt a kënnt domadder op ee Punkt u Leicester erun.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - Atalanta Bergamo 1:1
1:0 Chiesa (29'), 1:1 Freuler (57')

No enger héichintensiver Partie mat ville gudde Golchancen hu sech Juventus Turin an Atalanta Bergamo mat engem 1:1-Remis getrennt. No Dramgoler vum Chiesa op der Säit vu Juve (29') an dem Freuler op der Säit vu Bergamo (57') hu béid Ekippen alles no virgehäit, fir nach den decisive Gol ze markéieren. Béid Ekippen hunn dobäi allerdéngs ëmmer nees gutt Chancen ongenotzt gelooss. De Ronaldo huet och een Eelefmeter verschoss. Um Enn ass kee Gol méi gefall.

© AFP

Genua - AC Mailand 2:2
1:0 Destro (47'), 1:1 Calabria (52'), 2:1 Destro (60'), 2:2 Kalulu Kyatengwa (83')

Den Tabelleleader an der Serie A, den AC Mailand, huet fir de Kont vum 12. Spilldag Punkten zu Genua géint den Ofstigskandidat leie gelooss. Mailand huet sech schwéier gedoen a konnt sech no zwee Réckstänn um Enn awer nach an de leschte Minutten ee Punkt sécheren.

Inter Mailand - Neapel 1:0

1:0 Lukaku R. (71', Eelefmeter)

Duerch een Eelefmeter vum Lukaku R. an der 71. Minutt huet Inter Mailand e Mëttwoch den Owend de Spëtzematch géint Neapel mat 1:0 gewonnen. Inter steet op der zweeter Plaz an der Tabell an huet elo nëmmen nach ee Punkt Retard op den AC Mailand.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Dijon - Lille 0:2
0:1 Yazici (19'), 0:2 Weah (90+2')

Lille bleift an der Ligue 1 un der Tabellespëtzt. E Mëttwoch den Owend huet d’Ekipp vum President Gérard Lopez mat 2:0 beim Tabelleleschten Dijon gewonnen. Schonn no 19 Minutte waren d’Gäscht duerch e Gol vum Yazici a Féierung gaangen. Duerno huet et laang no enger knapper Victoire ausgesinn, bis de Weah an der Nospillzäit de Sak zougemaach huet.

Wéi d’Zeitung “L’Equipe” e Mëttwoch iwwerdeems gemellt huet, soll de President Gérard Lopez säi Veräi Lille wëlle verkafen.

Montpellier - Metz 0:2
0:1 Leya (50', Eelefmeter), 0:2 Maiga (90')

Um 15. Spilldag huet Metz e Mëttwoch den Owend eng gutt Prestatioun zu Montpellier gewisen a verdéngt mat 2:0 gewonnen. D’Goler hunn de Leya an der 50. Minutt per Eelefmeter an de Maiga an der 90. Minutt markéiert.

Den detailléierte Resumé fannt Dir bei de Kolleege vum 5minutes.

PSG - Lorient 2:0
1:0 Mbappé (51', Eelefmeter), 2:0 Kean (61')

Olympique Lyon - Stade Brest 2:2
0:1 Lopes (31', Selbstgol), 1:1 Depay (69'), 2:1 Cornet (81'), 2:2 Faivre (90+3', Eelefmeter)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Barcelona - Real Sociedad 2:1
0:1 Willian (27'), 1:1 Alba (31'), 2:1 de Jong (43')

Wichteg Punkten huet sech den FC Barcelona geséchert. Géint den Tabellenzweete Real Sociedad huet ee sech mat 2:1 behaapt. Barca konnt heibäi een 0:1-Réckstand nach dréinen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO