WM-QualifikatiounFLF-Formatioun muss Leeschtung vun Dublin nach eemol toppen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend spillt Lëtzebuerg den zweete Match an der WM-Qualifikatioun an dat am Stade Josy Barthel géint Portugal.
Virum Match géint Portugal
FLF-Formatioun muss Leeschtung nach emol toppen, fir matzehalen.

No der “soirée magique” wéi de Lëtzebuerger Fussballnationaltrainer Luc Holtz d'1-0-Victoire vu senge Jongen e Samschdeg an Irland genannt huet, kënnt elo den “magique CR7". An der zweeter Partie vun der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun kritt d’FLF-Formatioun et am Stade Josy Barthel, mam Europameeschter Portugal a sengem Weltstar Cristiano Ronaldo ze dinn.

Et ass kloer. D’Rout Léiwe ginn als Outsider an den Duell eran. No intensiven 90 Minutten zu Dublin virun 3 Deeg wëll d’Equipe mam Kapitän Laurent Jans awer näischt vun iergend enger Middegkeet an de Bee wëssen:

Géint esou ee Géigner geet dat vum selwen, no 2-3 Minutten denkt een net méi drun. Et ass och eng Rise-Freed géint si ze spillen, well mer wëssen, datt et eng grouss portugisesch Communautéit hei am Land gëtt

De Luc Holtz, deen den Owend seng 99.ten Selektioun als Nationaltrainer feiert, weess, datt Portugal aktuell net just de Cristiano Ronaldo ass:

De Jota vun Liverpool, de Silva vu Frankfurt, deen esou vill Goler an der Bundesliga geschoss huet, e Bernadro Silva, e Joao Felix.

D’Rout Léiwe kréien vun hirem Coach awer all d’Informatiounen, déi se brauchen:

Et ass bal net méiglech iwwer 95 Minutten dogéint ze halen. Mentalitéit a Solidaritéit sinn awer eis Basics, fir hinne Paroli kënnen ze bidden.

De 17. November 2019 huet d’Lëtzebuerger Futtballnationalequipe eng leschte Kéier géint den Europameeschter gespillt. Virun ronn annerhallwem Joer hat sech Portugal mat 2-0 am Stade Josy Barthel, duerch Goler vun Bruno Fernandes an Cristiano Ronaldo, duerchgesat.

Lëtzebuerg géint Portugal gëtt en Dënschdeg den Owend wéi gesot um 20.45 Auer am Stade Josy Barthel ugepaff an RTL ass och da Live fir iech mat derbäi an dat um Radio, op RTL ZWEE op der Tëlee, an op RTL.lu.

Op Franséisch iwwerdeems bei de Kolleege vun RTL 5Minutes!

Virum Match géint Portugal
FLF-Formatioun muss Leeschtung nach emol toppen, fir matzehalen.

D’portugisesch Nationalekipp gouf häerzlech empfaangen

Opreegung ronderëm déi portugisesch Nationalekipp
Vill Kanner hunn op Autogramme vu Ronaldo a Co. gehofft.

Test Äert Wëssen iwwer d’Rout Léiwen

Back to Top
CIM LOGO