Preparatioun op d'WM-QualiFLF-Formatioun spillt am Mäerz géint Schweden

RTL Lëtzebuerg
Well d'Rout Léiwen eréischt am September an d'Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft starten, spillt een aktuell nach Frëndschaftsmatcher.
© Val Wagner (Archiv)

D’Lëtzebuerger Futtball Nationalequipe spillt den 22. Mäerz een Frëndschaftslännermatch géint Schweden. De Match gëtt um 18 Auer am Stade de Luxembourg ugepaff. Dëst ass een vun zwee Matcher, déi d’FLF-Formatioun am Mäerz wäert spillen. Den zweete Géigner steet nach net fest. D’WM-Quali start fir d’Lëtzebuerger eréischt am September.

PDF: D'Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO