DammefuttballFLF verëffentlecht Kader fir Frëndschaftsmatch géint Litauen

RTL Lëtzebuerg
Den 13. November trëfft d'Futtballnationalekipp vun de Lëtzebuerger Dammen op Litauen.
© Val Wagner / Archiv

E Mëttwoch gouf de Kader vun der Ekipp ënnert dem Daniel Santos verëffentlecht. Net dobäi sinn d’Charlotte Schmit an d’Emma Goetz, déi béid beim SC Freiburg spillen, d’Julie Marques vum AS Wëntger, d’Marisa Soares vum FC Déifferdeng 03 an d’Kate Thill, déi an den USA fir d’University of Bridgeport spillt. Dofir sinn awer mam Eva Fernandes, Leila Schmit, Yana Lentz a Leticia Mateus véier nei Spillerinne mat dobäi.

Gespillt gëtt um 18.30 Auer zu Rëmeleng.

© FLF

dad401db0a5672c694ca54653d3ff7b0.pdf

Back to Top
CIM LOGO