Futtball-WM 2022Frankräich an Dänemark dierfte sech ëm déi éischt Plaz am Grupp D streiden

RTL Lëtzebuerg
De Countdown fir d'Futtball-WM am Katar leeft. Mir stellen Iech dës Woch déi 8 Gruppe vir.
© RTL-Grafik

Nodeems mir iech d’Ekippen aus de Gruppen A bis C virgestallt hunn, ass et elo um Grupp D. Do ginn et zwou Natiounen, déi erausstiechen: Frankräich an Dänemark. Outsider sinn Australien an Tunesien.

Futtball WM: Grupp D / Reportage Gilles Tricca

De Weltmeeschter Frankräich ass net nëmme Favorit an dësem Grupp, mee och fir den Titel. De Champion en titre huet zwar wichteg Ausfäll am Mëttelfeld ze kompenséieren, mee jonk talentéiert Spiller wéi ënner anerem den Tchouaméni waarde just drop, kënne fir d’Equipe Tricolore am Häerz vum Spill ze glänzen.

Wann een d’Offensivqualitéite vun der Ekipp mat Mbappé an dem Ballon d’Or Benzema gesäit, da kann et engem als géigneresch Defense schonn emol waarm ginn. Dat gesäit de fréieren Trainer Patrick Grettnich och esou.

Do ass eng riseg Qualitéit do mat Mbappé, Giroud, a Benzema, et kann een der vill opzielen, mee ech mengen awer, datt mat deenen zwee Ausfäll an der Mëtt vu Pogba a Kanté, et ka komplizéiert ginn, well d’Mëttelfeld e wichtege Secteur ass, mee nichts desto trotz och defensiv si se gutt bestéckt.”

D’Däne si wéi esou dacks e ganz onbequeme Géigner. Star vun der Ekipp ass de Christian Eriksen, dee sech gutt vu sengem Malaise d’lescht Joer op der EM erholl huet. Mat hirem Fighting Spirit kënnen hien a seng Matspiller och ville Favoritten d’Liewe schwéier maachen. De Patrick Grettnich, deen Däne vu klengem aus u suivéiert, confirméiert.

Jo, ech mengen, datt et e ganz gudde Kollektiv ass, wou och duerch d’Bank gutt besat ass, vun hannen no vir mat engem Schmeichel am Gol an dann hannen e Christensen, am Mëttelfeld en Eriksen, deen erëm spillt, en Højbjerg a vir dran en Dolberg a Lindström, dee mat Frankfurt an der Bundesliga an och an der Champions League top Leeschtung bréngt, sou datt ech denken, datt een déi Ekipp net soll ënnerschätzen.

D’Tunesier sinn aktuell op Plaz 30 am Klassement vun der FIFA an d’Australier op Plaz 39. Béid Ekippe missten am Prinzip op Aenhéicht sinn a sech ëm déi drëtt Plaz am Grupp streiden.

Jo, ech denken och, datt et do am Match am direkte Verglach drëms geet, wien Drëtten am Grupp gëtt an datt déi zwou éischt Plaze vergi sinn.

Tunesien huet sech in extremis am Barrage-Match géint de Mali qualifizéiert an dat duerch hir gutt defensiv Aarbecht mat engem kompakte Bloc an der Mëtt. Dat soll och elo am Katar d’Stäerkt sinn. Op ee Spiller ass ee gespaant an zwar den Hannibal Mejbri. Dem 19 Joer ale Futtballer gëtt eng grouss Zukunft virausgesot.

Fir Australien ass et déi fënneft Participatioun noeneen op enger WM. Vedetten hu se keng am Kader. Bekanntste Spiller sinn de Keeper Ryan vu Kopenhagen an de Hrustic, dee mat Frankfurt d’lescht Saison d’Europa League gewonnen huet. Dës WM kann och eng gutt Plattform si fir jonk Spiller wéi Atkinson oder Rowles.

Optakt fir déi 4 Natiounen ass en Dënschdeg, den 22. November mat Dänemark géint Tunesien um 14 Auer a Frankräich géint Australien um 20 Auer.

Back to Top
CIM LOGO