BundesligaFüllkrug erléist Werder Bremen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend huet Bremen mat 1:0 géint d'Hertha vu Berlin gewonnen.
Niclas Füllkrug feiert säi spéide Gol
Niclas Füllkrug feiert säi spéide Gol
© AFP

Duerch den Niclas Füllkrug huet Werder Bremen senger Minikris een Enn gesat an déi zweeten Heemvictoire an dëser Saison gefeiert. Mat sengem Gol an der 85. Minutt huet de WM-Kandidat dem Opsteiger net onverdéngt 3 Punkte géint Hertha BSC geséchert.

Bremen hat virum Succès um 12. Spilldag zanter dräi Matcher net méi gewonnen a steet elo an der provisorescher Tabell op der 6. Plaz. Fir d’Hertha ass et déi fënneft Néierlag an dëser Saison. Aktuell stinn déi Berliner op der 13. Plaz.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO