FLF deelt matFuttball-Saison soll de 7. Februar nees ugoen, Coupe de Luxembourg annuléiert

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg huet d'Lëtzebuerger Futtballfederatioun an engem Communiqué matgedeelt, wéi et am nationale Futtball virugeet.
FLF: Saisonsoptakt de 7. Februar
Ënnert anerem huet d’FLF matgedeelt, datt d’Coupe de Luxembourg definitiv annuléiert gëtt. Och alleguerten d’Barragematcher ginn annuléiert.

Ënnert anerem huet d’FLF matgedeelt, datt d’Coupe de Luxembourg definitiv annuléiert gëtt. Déi Ekipp, déi an der BGL Ligue op déi 4. Plaz kënnt, spillt dann d’Qualifikatioun fir d’Champions League 2021/2022.

Och alleguerten d’Barragematcher ginn annuléiert. Dëst gouf gemaach, fir datt d’Éierepromotioun an d’Divisiounen 1, 2 an 3 bis den 30. Juni kënnen op en Enn gespillt ginn.

D’BGL Ligue muss allerdéngs bis spéitstens den 1. Juni fäerdeg gespillt gi wéinst den europäesche Kompetitiounen.

FLF-President Paul Philipp:“Eng Léisung war d’Coupe de Luxembourg, déi eis e puer Datumer fräi gëtt, net ze spillen, an eben d’Barragematcher, wat ech awer muss soen, eist léifste Kand ass, net ze spillen. D’Divisioun sinn all matenee vernetzt, an d’BGL-Ligue muss wéinst der UEFA bis den 30. Mee fäerdeg sinn.”

Extrait Paul Philipp

Och bei den Damme sinn d’Coupe an Barragematcher annuléiert.

De Championnat bei de Seniore soll de Weekend vum 7. Februar nees ugoen, wéi d’FLF weider matdeelt. D’Jugend-Kompetitiounen de Weekend vum 21. Februar.

Wa bis zum Enn vun der Saison net op d’mannst d’Hallschent vun de Matcher kënne gespillt ginn, gëtt d’Saison annuléiert, deemno géing keen opsteigen a keen ofsteigen.

Wa méi wéi d’Hallschent vun de Matcher kënne gespillt gi bis Enn der Saison, da gëllt dat lescht Klassement als Schlussklassement.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO