BGL LigueGeckege Match zu Hueschtert, kloer Victoire fir Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg stoungen trotz de Lännermatcher an der BGL Ligue zwee Matcher um Programm.

Déifferdeng konnt sech bei der Etzella verdéngt mat 3:0 duerchsetzen an am Match tëscht Hueschtert a Rodange ass et no enger opreegender Schlussphas kee Gewënner ginn.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

D’Resuméë vun de Matcher

Etzella - Déifferdeng 0:3
0:1 Buch (25'), 0:2 Gobitaka (58'), 0:3 Sakava (84')

An den éischte Minutte vum Match haten d’Gäscht gréisstendeels de Ball, d’Etzella huet de Géigner komme gelooss a sech als éischt mol op déi defensiv Aarbecht konzentréiert. Vun der Lokalekipp ass awer ze wéineg komm a sou ass Déifferdeng no 25 Minutten a Féierung gaangen. No engem Conrer, dee kuerz ausgespillt gouf, war de Buch an der Mëtt do fir de Ball mam Kapp hannert d’Linn ze drécken. Bis zur Paus huet Déifferdeng weider de Match bestëmmt a sou ass déi éischt Hallschent mat enger verdéngter 1:0-Féierung op en Enn gaangen.

Och nom Säitewiessel huet sech um Bild vum Match sou gutt wéi näischt geännert. Déifferdeng war weiderhin déi besser Ekipp, déi de Match ënner Kontroll hat. Den nächste Gol fir d’Gäscht war sou nëmmen eng Fro vun der Zäit a sou stoung et no enger knapper Stonn 2:0, dat duerch e Gol vum Gobitaka. Nom zweete Gol huet Déifferdeng et da méi roueg lafe gelooss, ma dat och well d’Etzella et quasi net aus der eegener Hallschent rausgepackt huet. An der 84. Minutt ass et dann nach en Eelefmeter fir de Gaascht ginn, nodeems en Defenseur vun Ettelbréck de Ball widdert den Aarm krut hat. De Sakava ass ugetrueden a mam 3:0 war de Match dann definitv entscheet.

Hueschtert - Rodange 3:3
1:0 Sully (8'), 1:1 Soares (14'), 1:2 Muric (53'), 2:2 Steiner (79'), 3:2 Tibor (84'), 3:3 Ammar (90')

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO