
De Lëtzebuerger Geschäftsmann, deen zanter 2017 President a Proprietär war, huet de Veräin verkaaft. Ënnert anerem “L’Equipe” hat Mëtt der Woch gemellt, datt de Gérard Lopez de Verkaf vum Veräin géing plangen. Zanter e Freideg ass et offiziell.
Eng Source aus dem Ëmfeld vum Veräin huet matgedeelt, datt de Gérard Lopez de Veräin Lille aus der Ligue 1 un d’Societéit Callisto, déi zum Investmentfong Merlyn Partners gehéiert, verkaaft huet. De Conseil d’administration hat e Freideg am Nomëtteg gréng Luucht ginn.
Neie President gëtt den Olivier Létang, deen nach bis Februar President vu Rennes war.