FuttballGérard Lopez verkeeft Lille, heescht et vun der "L'Equipe"

RTL Lëtzebuerg
Dem Gérard Lopez seng Deeg als President vu Lille schéngen dem Enn zouzegoen.
© AFP

De Lëtzebuerger Geschäftsmann, deen zanter 2017 President a Proprietär ass, wäert de Veräin verkafen, dat mellt ënnert anerem “L’Equipe”.

De Groupe “Elliott”, ee Fong, deen an de Veräin investéiert, géif opgrond vun der sanitärer Kris, mat engem finanzielle Lach vun 130 bis 200 Milliounen Euro rechnen.

An Zukunft soll JP Morgan d’Iwwerhand iwwerhuelen an den neie President géif Olivier Létang heeschen, deen nach bis Februar President vu Rennes war, dëst ass an de franséische Medien ze liesen.

De Veräin huet offiziell nach net reagéiert.

Back to Top
CIM LOGO