
An engem Video op de sozialen Netzwierker huet den Defenseur matgedeelt, datt de Match e Samschdeg doheem am Camp Nou géint Almeria säi leschte wäert sinn.
An engem emotionale Video vun zwou Minutten huet de Piqué seng komplett Futtballkarriär Revue passéiere gelooss.
Hien huet ënnert anerem de Fans e grousse Merci gesot a betount, datt all seng Dreem an Erfëllung gaange sinn. De Spuenier hat ëmmer gesot, datt et no Barcelona keng aner Ekipp méi fir hie géif ginn.