TennisGespaarte Simona Halep vun de US Open ausgeschloss

RTL Lëtzebuerg
Déi fréier Nummer 1 an der Weltranglëscht ass zanter Oktober 2022 virleefeg gespaart.

Bei der 31 Joer jonker Rumänin war am Kader vun de US Open zejoert déi verbuede Substanz Roxadustat nogewise ginn. Déi gëtt z.B. bei Niereproblemer agesat an erhéicht d’Unzuel vun de roude Bluttkierpercher, wouduerch et zu enger besser Sauerstoffversuerung kënnt, änlech wéi bei EPO.

Eigentlech sollt bis Ufank August eng definitiv Entscheedung iwwert d’Spär vum Simona Halep virleien, ma en onofhängegt Geriicht zu London huet dëst bis op Weideres verréckelt.

2018 hat d’Halep d’French Open gewonnen, dat Joer drop Wimbledon.

Well d’Halep elo net bei de US Open kann untrieden, réckelt d’Amerikanerin Taylon Townsend an den Haapttableau no.

Back to Top
CIM LOGO