DFB Pokal 1/4-Finall-AuslousungGladbach géint Dortmund a Wolfsburg géint Leipzig

RTL Lëtzebuerg
Dortmund krut domat en absolut Hammer-Lous. Rot-Weiss Essen huet de Bayern Bezwénger Holstein Kiel op Besuch a Regensburg spillt géint Bremen.
© AFP (ARCHIV)

Um Sonndeg den Owend goufen 1/4-Finall-Matcher am däitschen DFB Pokal ausgeloust. De Spëtzematch ass mat Sécherheet Gladbach géint Dortmund. Brisanz kritt dëse Match ausserdeem, well et jo Rumeure ginn, dass den aktuelle Fohlen-Trainer Marco Rose d’nächst Joer soll neie BVB- Trainer ginn.

Iwwerdeems spillt d’Iwwerraschungsekipp vun Essen géint Holstein Kiel. Regensburg spillt géint Werder Bremen a Wolfsburg kritt doheem Besuch vu RB Leipzig.

Den Titelverdeedeger Bayern München ass jo schonns an der 1/16-Finall géint den Zweetligist Holstein Kiel erausgeflunn. Och Bayer Leverkusen, Finalist vum leschte Joer huet d’Seegelen am leschten Tour géint Rot-Weiss Essen aus der Regionalliga misse sträichen.

D’Matcher ginn den 02. & 03. Mäerz 2021 gespillt.

Matcher am Iwwerbléck

Borussia Mönchengladbach - Borussia Dortmund

Rot-Weiss Essen - Holstein Kiel

Jahn Regensburg - Werder Bremen

VFL Wolfsburg - RB Leipzig

Back to Top
CIM LOGO