Internationale FuttballGladbach verléiert nees, dat mat 1:3 géint Augsburg

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich hu Reims a Lyon gläich gespillt an an Italien huet sech Lazio Roum géint Crotone behaapt.
© CHRISTOF STACHE / AFP / POOL

E Freideg den Owend ass am Internationale Futtball ënnert anerem de Ball an Däitschland, an Italien an a Frankräich gerullt.

Bundesliga

Augsburg - Borussia Mönchengladbach 3:1
1:0 Vargas (52'), 1:1 Neuhaus (68'), 2:1 Richter (76'), 3:1 Hahn (89')
D’Borussia huet vun Ufank un direkt Drock gemaach an och probéiert, géint den FC Augsburg a Féierung ze goen. Ma no gudde Chancen an der 5. an 19. Minutt an engem net genotzten Eelefmeter vum Stindl an der 38. Minutt, ass et mat 0:0 no 45 Minutten an d’Kabinne gaangen.

Och déi 2 Hallschent ass staark fir Borussia Mönchengladbach ugaangen, ma no engem éischte Korner vun Augsburg an der 52. Minutt, ass et dem Vargas gelongen säin éischte Gol vun der Saison an den 1:0 fir Augsburg ze markéieren. 15 Minutte méi spéit koum dunn d’Äntwert vu Mönchengladbach, dat mat engem Gol vum Neuhaus an der 68. Minutt.

Ma an der 76. Minutt war et awer nees un Augsburg, dat mat engem Gol vum Richter. E weidere Gol vum Hahn suergt dann souguer nach an der 89. Minutt fir d'3:1-Victoire fir Augsburg.

Zanter 6 Matcher huet Borussia Mönchengladbach net méi an der Bundesliga gewonnen. No dëser Defaite gëtt et ëmmer méi schwéier, datt ee sech nach fir dat internationaalt Geschäft qualifizéiert. An och fir den Trainer Rose, deen déi nächst Saison Trainer beim BVB gëtt, gëtt et weider méi ongemittlech.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Ligue 1

Stade Reims - Olympique Lyon
1:0 Cafaro (33'), 1:1 Kadewere (90+2')
An der 33. Spillminutt war et de Cafaro, deen iwwerraschend fir Reims den 1:0 geschoss huet. Weider vill ass den éischte 45. Minutten net geschitt, sou dass et och mat deem Resultat an d’Paus gaangen ass. An der 2. Hallschent huet et dunn laang gedauert, bis e weidere Gol gefall ass. Ma 2. Minutten no der regulärer Spillzäit huet dunn de Kadewere den 1:1 Ausgläich fir Lyon geschoss. Dobäi ass et dann och um Freideg den Owend bliwwen.

Mat enger Victoire hätt Lyon kéinte gläichzéie mat Lille un der Spëtzt. Elo läit Lyon awer mat engem Match méi op der 3. Plaz hannert dem PSG.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Serie A

Lazio Roum - FC Crotone 3:2
1:0 Milinkovic-Savic (14'), 1:1 Simy (29'), 2:1 Alberto (39'), 2:2 Simy (50', Eelefmeter), 3:2 Caicedi (84')

Um 27. Spilldag am italienesche Championnat huet sech Lazio Roum wichteg Punkten an der Course ëm déi international Plaze geséchert. Géint den Tabelleleschte gouf et eng 3:2-Victoire.

D’Lokalekipp ass als klore Favorit an d’Partie gaangen, ma huet sech nawell schwéier gedoen, fir um Enn déi dräi Punkten doheem ze behalen. An der 14. Minutt war d’Ekipp vum Inzaghi duerch e Gol vum Milinkovic-Savic mat 1:0 a Féierung gaangen. Eng 15 Minutte méi spéit konnten d’Gäscht duerch de Simy ausgläichen. Kuerz virun der Paus ass Roum dunn duerch den Alberto nees a Féierung gaangen. No der Paus huet de Simy an der 50. Minutt e weidere Gol markéiert. Vum Punkt konnt hien op 2:2 setzen. Laang huet duerno no engem Remis ausgesinn, ma sechs Minutte viru Schluss huet de Caicedi Lazio Roum mam 3:2 d’Victoire geséchert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO