
Borussia Mönchengladbach - Borussia Dortmund 4:2
1:0 Elvedi (11'), 1:1 Haaland (22'), 1:2 Haaland (28'), 2:2 Elvedi (32'), 3:2 Bensebaini (49'), 4:2 Thuram (78')
Bei Borussia Dortmund leeft et weider alles anescht wéi ronn. E Freideg den Owend huet ee beim Liiblingsgéigner warscheinlech schonn eng decisiv Néierlag an der Course ëm den Titel kasséiert. De Vizechampion huet auswäerts bei Mönchengladbach no enger animéierter Partie mat 2:4 (2:2) de Kierzere gezunn an ass no der scho siwenter Néierlag an dëser Saison aus den Champions-League-Plazen erausgerutscht. Déi Gladbacher stinn dogéint mat der éischter Victoire géint de BVB zanter Abrëll 2015 op d’mannst fir eng Nuecht op der véierter Plaz an der Tabell.
Den Elvedi (11. an 32.), de Bensebaini (49.) an den Thuram (78') hu virun den A vum däitschen Nationaltrainer Jogi Löw fir d’Lokalekipp markéiert. Dortmund hat déi lescht 12 offiziell Matcher géint Gladbach gewonnen, ma dës Kéier gouf et eng Néierlag. Déi béid Goler vum Haaland (22., 28.) waren ze wéineg. D’Ekipp vum Trainer Terzic ass am Match nees an al Mustere verfall a schwaach Standardsituatiounen, duerch déi dräi Goler gefall sinn, hu senge Spiller um Enn d’Genéck gebrach. De Retard op den däitsche Rekordchampion Bayern un der Tallespëtzt kéint fir de BVB nom 18. Spilldag op 13 Punkte klammen.
Fir d’Ekipp vum Rose kéint et dogéint net besser lafen. Duerch dëse Succès bleift een 2021 weider ongeschloen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
PSG - Montpellier 4:0
1:0 Mbappé (34'), 2:0 Neymar (60'), 3:0 Icardi (61'), 4:0 Mbappé (63')
Keng Chance huet de PSG e Freideg Montpellier gelooss. No den éischte 45 Minutte louch de franséische Champion duerch e Gol vum Mbappé mat 1:0 a Féierung. An der zweeter Hallschent huet d’Ekipp vum Pochettino d’Victoire bannent nëmmen dräi Minutten an dréchen Dicher bruecht. Nodeems den Neymar an der 60. Minutt op 2:0 erhéicht hat, huet den Icardi eng Minutt drop den 3:0 markéiert a fir d’Schlussresultat huet de Mbappé an der 63. Minutt gesuergt.
No 21 Spilldeeg huet de PSG 45 Punkten um Kont a steet op der 1. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga