Lëtzebuerger Futtballer am AuslandGolkipp Tim Kips spillt d'nächst Saison fir Koblenz

RTL Lëtzebuerg
D'Ekipp aus der däitscher Regionalliga Südwest huet den 21 Joer ale Golkipp fir eng Saison vun Erzgebirge Aue ausgeléint.

Dat huet den FC Rot-Weiss Koblenz op sengem Internetsite matgedeelt. Fir den Tim Kips ass dëst d’Chance, fir “méi Spillzäit ze kréien”. Dofir seet de Lëtzebuerger béide Veräiner fir dës Méiglechkeet Merci.

E Mëttwoch war scho bekannt ginn, datt och den Dirk Carlson Erzgebirge Aue verléisst. De Lëtzebuerger huet sech ADO Den Haag ugeschloss.

Back to Top
CIM LOGO