Dass e Veräin de 25. Anniversaire feiert, ass u sech näischt Aussergewéinleches. Wann hannert deem Club awer zwee Veräiner stiechen, déi allebéid eng 100 Joer laang Geschicht opzeweisen hunn, da kritt dat Ganzt eng aner Nues. Den CSL ass aus der Fusioun vum CAL an der Spora entstanen, an doraus ass de gréisste Liichtathletikveräin am Land gewuess. Dëst gouf an engem Film an an engem Buch vum Pierre Grisius an dem Roger Mathekowitsch veréiwegt. Och ass de gréissten Deel vun der Crème vun der Lëtzebuerger Liichtathletik, mat 5 Olympionike , am CSL Member. De Charel Grethen, Finalist vun den Olympesche Spiller zu Tokio, d’Charline Mathias, zu Rio an 12. op der Europameeschterschaft, de Ruben Querinjean op den Olympesche Spiller zu Paräis, Studentweltmeeeschter an eng historesch Victoire bei de Männer an der Diamond Leaugue zu Bréissel.
Net ze vergiessen, déi bei eis wéineger bekannten Nora Lyndhal , U20 Europameeschterin, a virun allem d’Liz May, déi an der Liichtathletik performant war, awer virun allem an der Triathlonsektioun vum CSL, mat zwou Participatiounen op den Olympesche Spiller an en Titel als Vizeeuropameeschterin. D’Mara Krombach hat d’Konschtstéck fäerdeg bruecht, Junior-Europameeschterin am Triathlon ze ginn. Aner Athlete wéi de Jacques Frisch, d’Kim Reuland an den Daniel Abenzoar, hu gutt international Resultater opzeweisen. De Claude Godart de laangjärege Kapitän, huet derzou bäigedroen, dass den CSL d’Coupe du Prince 20 mol gewonnen huet.
Och als Coorganisateur huet de Stater Veräin sech e Numm gemaach, mat der Bedeelegung um Marathon, dem City Jogging, dem Urban Trail, dem Run for Kids, fir mol nëmmen déi ze nennen. Mat der Organisatioun vun der Letz Mile an der Neier Avenue huet de Veräin innovéiert. Joer fir Joer fënnt dann de Cross am Bambësch statt, wou speziell bei de Kanner déi blorout Trikoten omnipresent sinn. Bei deene Jéngste besteet eng Waardelëscht. Et bestinn Hoffnungen, dass all d’Interessenten zum Zuch wäerte kommen, wann zu Hamm e Liichtathletikskomplex wäert entstoen, an duerno de Stade Josy Barthel an e Wunnengsvéierel ëmgewandelt wäert ginn.
D’Soirée
A Presenz vum Sportminister Georges Mischo, dem President vum COSL Michel Knepper, grad ewéi der Sportschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, der Mme Simone Beissel gouf e Réckbléck op d’Fusioun vun den zwee Stater Veräiner CAL a SPORA viru 25 Joer gemaach.
Den CSL ass mat iwwer 600 Memberen dee gréisste Liichtathletikveräin hei am Land. Mam Liz May, Charel Grethen, Charline Mathias, Ruben Querinjean an Nora Lindahl hu fënnef Sportler, déi et op d’Olympesch Spiller gepackt hunn, hir sportlech Karriär an deem Veräin ugefaangen. De Pierre Grisius an de Roger Mathekovitsch hunn iwwerdeems hiert Buch mat der 25 Joer laanger Geschicht vum Veräin virgestallt. De Bern Thill huet mat sengem Film déi verschidden Aspekter aus de leschte 25 Joer Veräinsliewe méi nobruecht.
Ofgeschloss gouf den offiziellen Deel vun der Soirée mat enger Table ronde mat den Olympioniken aus dem Veräin.