
Fir eng Kéier dohin ze kommen, brauch een eng gutt Formatioun. Wat déi ugeet, gëtt et an der FLF-Futtballschoul zu Monnerech dëst Joer e grousse Changement.
De Reinhold Breu war elo déi lescht 9 Joer techneschen Direkter bei der FLF a Responsabel vun der Futtballschoul vun der Federatioun zu Monnerech. Enn Juni leeft de Kontrakt vum 50 Joer alen Däitschen aus an dann iwwerhëlt de aktuellen U-21- an U-19-Nationaltrainer Manuel Cardoni déi Funktiounen. Dozou de FLF-President Paul Philipp:
“Dat steet jo scho säit 6 Méint fest, datt de Reinhold Breu ophält an de Man Cardoni iwwerhëlt. Déi nei Saison gëtt elo scho preparéiert. Eng riseg Responsabilitéit fir de Man, awer sécher dee richtege Mann op der Plaz.”
Et ass jo gewosst, datt Trainer a virun allem Fussballtrainer dacks Alpha-Déiere sinn. Do stellt sech natierlech d’Fro, wéi elo den Iwwergang déi nächst Méint ausgesäit:
“Am Moment geet et ganz gutt. Dee Moment, wou mer mam Reinhold Breu geschwat haten an d’Decisioun mat him zesumme geholl haten, hu mer gesot, datt déi nei Saison ënnert der Verantwortung vun deem neie Mann preparéiert géif ginn. Et ginn och elo eng ganz Rei Reuniounen, wou de Reinhold Breu net dobäi ass, datt hunn ech him och kloer esou gesot.”
D’Strukturen, an deenen de fréiere Profi ka schaffen, stinn op jiddwerfalls, esou de Paul Philipp:
“Et ass elo um Man ze kucken, wat huelen ech mat eriwwer, respektiv wat wëll ech änneren an, datt hie seng Iddie lues a lues ëmsetzt, keng Revolutioun, soss hätte mer jo schonn éischter misse reagéieren, an d’Resultater an der Formatioun sinn jo och do, awer doudsécher vun der Approche hir, wäerten déi eng oder aner Ännerunge kommen.”
Fir den FLF-President ass et ganz positiv, datt an der Futtballschoul vun der Federatioun och déi fréier International, wéi de Rekordnationalspiller Mario Mutsch oder de René Peters Responsabilitéiten als Trainer hunn.