Futtball-WM 2022Grupp A mat Holland an dem Afrikameeschter Senegal

Franky Hippert
An den nächsten Deeg stelle mir iech déi 8 Gruppe vir. Lass geet et mam Grupp A an deem Holland, Senegal, Ecuador an den Organisateur Katar sinn.
© RTL-Grafik

E Sonndeg fänkt d’Futtballweltmeeschterschaft am Katar un. Jo, dir hutt richteg héieren, d’Futtball-WM ass dës Kéier am europäesche Wanter, well am Summer ass et definitiv am Golfstaat vill ze waarm, fir u Sportmaachen ze denken. An den nächsten Deeg stelle mir iech déi 8 Gruppe vir. Lass geet et mam Grupp A an do dierften zwou Ekippen als Favoritte gëllen.

An dat sinn Holland an den aktuellen Afrikameeschter Senegal mat sengem Starspiller Sadio Mané, wann en da ka spillen, hien ass jo am Moment nach blesséiert. Een, deen all Dag am Club mam 30 Joer alen Offensivspiller ze dinn huet, ass den Dino Toppmöller, Co-Trainer beim Däitsche Rekordchampion FC Bayern München.

De Sadio Mané ass en absolutten Teamplayer, e Spiller, dee sech all Trainer wënscht. Hien ass een, deen ëmmer prett ass, fir Responsabilitéit ze huelen. Fir eis fir den FC Bayern München ass hien en absolutte Gewënn.

Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp hat viru 4 Joer an engem Frëndschaftsmatch heiheem géint Senegal 0:0 gläichgespillt. Deemools war de Mané awer net fir den Afrikameeschter um Terrain, well hie kuerz virdrun nach mat Liverpool an der Finall vun der Champions League stoung. Den FLF-Nationaltrainer, Luc Holtz, ka sech erënneren:

Dat ass natierlech schonn eng gewëssen Zäit hier. Et weess een, Futtball ass eng Dagesgeschäft. De Senegal mat ville Spiller, déi an Europa ënnerwee sinn. Si hunn eng héich Qualitéit wat d’Ëmschaltverhalen ugeet. Déi Spiller hunn en extremen Tempo.

Ma och den Organisateur ass fir de Lëtzebuerger Nationaltrainer keen onbekannten. De Katar war als Gaaschtekipp an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun am Grupp vun de Roude Léiwen. Lo dierft e weiderkomme fir d’Katarien awer schwiereg ginn:

De Katar, déi Natioun, déi fir mech den Aussesäiter ass. Eng Ekipp, déi probéiert, Futtball ze spillen, si probéieren technesche Futtball ze spillen. Ech muss awer soen, um Niveau vun der Athletik, vun der Intensitéit, hu se e Retard.

Fir de Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer ass d’Rolleverdeelung am Grupp A am Fong kloer.

Jo ganz kloer a priori Holland an de Senegal meng Favoritten, woubäi ech muss betounen, Ecuador fir mech e bëssen eng Inconnue.

Direkt um éischte Spilldag gesi sech de Sadio Mané an den hollännesche Verdeedeger Virgil van Dijk erëm. Bis d’lescht Saison hunn déi zwee nach zesumme bei Liverpool gespillt. Fir de Katar ass et eng Première. Den Asiechampion vun 2019 war bis elo nach ni bei enger Weltmeeschterschaft dobäi. Fir Holland ass et déi 11. Participatioun bei enger WM, bis elo gouf d’Oranjeteam dräimol Vizeweltmeeschter, fir d’lescht 2010. Den Ecuador huet sech eng 4. Kéier fir eng Endronn qualifizéiert, genee esou dacks wéi och de Senegal.

E Sonndeg de Mëtteg um 17 Auer europäesch Zäit ass dann den Ouverturesmatch vun der 22. Futtballweltmeeschterschaft tëscht dem Katar an dem Ecuador.

Back to Top
CIM LOGO