
Mir stellen iech dës Woch déi 8 Gruppe vir, wouvun déi 2 éischt sech allkéiers fir d’KO-Phas qualifizéieren. Am Grupp C spillen Argentinien, Polen, Mexiko a Saudiarabien.
Hei gëtt et 1 klore Favorit, deen heescht eendeiteg Argentinien. Si reese mam Zil un, Weltmeeschter ze ginn, och oder zemools well hire leschten Titel scho 36 Joer zréck läit.
D’Potential an d’Viraussetzunge garantéiere scho bal eng 1. Plaz am Grupp C, seet och de Co-Trainer vun der Lëtzebuerger Nationalekipp, de Claude Origer.
“No der Weltmeeschterschaft 2018, wou se géint Frankräich erausgeflu sinn, koum et zu engem Generatiounswiessel. De Co-Tainer Scaloni ass Trainer ginn, an dat huet sech scho mam Titel vun der Copa America ausbezuelt. Wann dës Ekipp ëm hire Superstar Messi, mat engem Dybala, mat engem Alvarez , vläicht e Schlësselspiller vun dëser WM, gutt an den Tournoi era kënnt, dann ass hinne schonn eppes zou ze trauen.”
Déi 2. Plaz decidéiert sech tëschent Polen a Mexiko. D’Mexikaner si fir 8. Kéier hannerteneen op enger WM an et soll een si net ënnerschätzen, seet de Claude Origer.
“Si spillen ëmmer mat ganz vill Temperament. Si hu schnell a vif Spiller. Si hunn eng Mëschung aus Spiller aus dem heemesche Championnat a Spiller, déi am Ausland aktiv sinn. Den Héctor Herrera (Aletico Madrid), Jiménez (Wolverhampton), Corona ( FC Sevilla). An da jonk Spiller, wéi Álvarez (Ajax), Gutiérrez (PSV), Vásquez (Genua). Net ze vergiessen den Héctor Moreno, 34 Joer al an hire Goalkeeper Ochoa, 36 Joer al. Leit mat enger immenser Erfarung.”
Fir Polen ass et déi 2. Participatioun hannerteneen un enger WM-Endronn. Dës Kéier soll et besser goen, wéi 2018, wou si séier eliminéiert goufen. Duerfir sollen den neien Trainer an hire Starspiller suergen.
“D’Ekipp vum Trainer Michniewicz huet sécherlech mam Lewandowski ee vun de weltbeschte Stiermer an hire Reien. Allerdéngs ass et wichteg, datt hien och gutt an Zeen gesat gëtt, fir seng Qualitéite kënnen auszespillen, wéi dat bei Bayern an elo bei Barcelona war. Bis elo huet hien nach kee Weltmeeschterschaftsgol geschoss.”
Dee Gol ass awer néideg, wa si nächsten Dënschdeg am direkten Duell géint Mexiko untrieden.
Saudiarabien ass kloren Outsider a kann héchsten d’Roll vum Trouble Fête spillen, wann hire Géigner si ënnerschätzt.
Also Argentinien kënnt ganz sécher an deen nächsten Tour. Ma do soll awer nach net Schluss sinn, wënscht de Claude Origer sech besonnesch fir ee Mann.
“Et ass virun allem engem Messi och ze wënschen, datt hie wéi 1986 de Maradona, seng Wansinnskarriär als ee vun de weltbeschte Spiller vun allen Zäiten als Weltmeeschter géif kréinen.”
Nächsten Dënschdeg um 11 Auer spillt Argentinien géint Saudiarabien an um 17 Auer ass dann de vläicht scho virentscheedende Match tëschent Mexiko a Polen.
