Lëtzebuerger Futtballer am AuslandHall an Thill sti mat hire Veräiner an den Aachtelsfinallen

RTL Lëtzebuerg
An der Coupe a Portugal huet den Hall mat Gil Vicente zu Leiria gewonnen. Donieft huet den Thill sech mat Nacional Funchal géint Leixoes behaapt.
© Gil Vicente

A Portugal stoungen e Mëttwoch den Owend an der Coupe a Portugal zwou Partië mat Lëtzebuerger Bedeelegung um Programm. Gil Vicente mam Tim Hall konnt sech duerch eng 3:0-Victoire bei Leiria den Ticket fir d’Aachtelsfinalle sécheren. Den Tim Hall gouf an der 80. Minutt agewiesselt.

An den Aachtelsfinalle steet och Nacional Funchal mam Vincent Thill. Et gouf een 3:1-Succès géint Leixoes. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 83' Minutt agewiesselt.

Mainz huet an der 2. Ronn vum DFB-Pokal an Däitschland eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn, konnt an der Verlängerung an Iwwerzuel kee weidere Gol markéieren an huet sech um Enn am Eelefmeterschéisse misse géint Bochum aus der 2. Bundesliga geschloe ginn. De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro stoung an der Startformatioun a gouf an der 82. Minutt ausgewiesselt.

Dënschdeg

Als 9. ass Rotterdam op Enschede bei de 6 gereest, fir hei Punkte matzehuelen. Enschede hat de ganze Match iwwer däitlech méi de Ball, ma Rotterdam konnt sech méi gutt Chancen erausspillen an déi och notzen. Den 1:0 hat den Engels an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent markéieren an den 2:0 huet den Duarte geschoss, datt no enger gudder Virlag vum Lëtzebuerger Nationalspiller Mica Pinto. Bei deem Stand sollt et och bleiwen. Rotterdam klëmmt domadder op déi 9. Plaz an huet elo mat 18 Punkten e Retard vu 5 Punkten op déi international Plazen, awer e Virsprong vun 10 Punkten op d’Ofstiegsplazen.

Den Tabelleleader aus der Schwäiz Young Boys Bern ass zesumme mam Christopher Martins bei den Zweeten op St. Gallen gereest, de Lëtzebuerger stoung dobäi de ganze Match iwwer um Terrain. Innerhalb vu 4 Minutten hat Bern de Match an d’Hand geholl, datt duerch 2 Goler vum Siebatcheu an der 68. an 72. Minutt. De Staubli hat nach op 1:2 verkierzt, ma St. Gallen konnt de Match net méi dréinen. Bern ass domadder elo kloer mat 28 Punkten un der Tabellespëtzt, mat 8 Punkten Avance op St. Gallen a Basel. Lugano als Véierten huet 18 Punkten, awer zwee Matcher manner, wéi déi Ekippe virun hinnen.

Back to Top
CIM LOGO