Volleyball SupercoupeHäre vu Stroossen séchere sech no 3:0 géint Fenteng den Titel

RTL Lëtzebuerg
An der Supercoupe vun den Dammen huet och den RSR Walfer säi Géigner Mamer bannent dräi Sätz geschloen.
Stroossen a Walfer séchere sech d'Supercoupe
D’Damme vu Walfer gewanne kloer géint Mamer an d’Häre vu Stroosse setze sech géint Fenteng duerch.

E Samschdeg stoung bei den Dammen a bei den Hären d’Supercoupe um Programm, wou de Champion an de Coupegewënner aus der leschter Saison openeegetraff sinn.

Fir d’Damme vum RSR Walfer ass et hei eng däitlech 3:0-Victoire géint de VC Mamer ginn. Mat 25:19, 25:18 a 25:11 war de Match no dräi Sätz entscheet an d’Spillerinne vu Walfer konnten domat den éischten Titel vun der Saison sécheren.

Och bei den Hären huet sech de Gewënner mat enger 3:0-Victoire den Titel vun der Supercoupe geséchert. D’Ekipp vum VC Stroossen huet sech hei e Samschdeg den Owend mat 25:12, 25:14 a 25:19 no dräi Sätz géint de VC Fenteng duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO