Qualifikatioun fir Futtball-WMHätt de Match géint Portugal kënne gedréit ginn?

RTL Lëtzebuerg
D'Partie Lëtzebuerg-Portugal kann den 30. Mäerz net am neien nationale Futtball- a Rugbystadion gespillt ginn, well d'Enceinte bis dohin net fäerdeg gëtt.
© RTL

Donieft hätte jo wéinst den aktuelle Covid-Mesuren och nach keng Spectateuren an de neie Stadion op der Cloche d’Or géint de Cristiano Ronaldo & Co dierfen eran. Den 12. Oktober ass de Retourmatch an der Futtballweltmeeschterschaftsqualifikatioun a Portugal. Do stellt sech natierlech d’Fro, firwat een net probéiert huet, de Match géint den Europameeschter einfach ze dréien.

Elo an 18 Deeg wär de perfekten Ouverturesmatch fir den neien nationale Futtball- a Rugbystadion gewiescht, wann déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an hirer éischter Heempartie an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun géint Portugal an der neier Enceinte hätt kënne spillen. Zanter ronn 3 Wochen ass jo elo gewosst, datt den neie Stadion och Enn Mäerz nach net fäerdeg ass.

Sou oder sou wär och dat neit Doheem vun de Roude Léiwe géint de Weltstar Cristiano Ronaldo a seng Matspiller eidel gewiescht. Lo kéint ee jo da bei der Lëtzebuerger Fussballfederatioun soen: Mir froen einfach bei der UEFA un, fir fir d’éischt a Portugal ze spillen, an datt dann de Retourmatch am Oktober hei zu Lëtzebuerg ass, an dann och vläicht am neie Stadion, mat Spectateuren.

Dozou den FLF-President Paul Philipp: “Leider keng Méiglechkeet. Mir hunn natierlech och dru geduecht, wéi et ëmmer méi knapp ginn ass. Mir hunn och eng finanziell Perte, well et ouni Zuschauer ass. E Computerprogramm huet d’Matcher festgeluecht.”

D’UEFA huet net mat sech schwätze gedoen, wat awer och nees erstaunlech ass, wann een an de leschte Woche matkrut, datt et fir déi europäesch Futtball-Unioun kee Problem war, Matcher an der Champions League an Zäit vun enger Woch einfach an en anert Land ze verleeën:

“Do ass direkt ofgewénkt ginn, och geschriwwe ginn, datt déi Matcher net kënne gedréit ginn. Et ass ëm esou méi iwwerraschend, wann een an der Champions League gesäit, wéi d’Matcher op Budapest oder op Bukarest verluecht ginn. D’Äntwert fir eis war awer kloer: NEE!”

Deemno ass et jo dann esou, datt do näischt ze maache war, an de Match an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun den 30. Mäerz tëscht der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp a Portugal am Stade Josy Barthel op der Arelerstrooss ass.

Match Lëtzebuerg-Portugal / Rep. Fränky Hippert

Back to Top
CIM LOGO