
De Club aus der däitscher Haaptstad steet no 18 Spilldeeg nëmmen op der 14. Plaz mat 17 Punkten.
Beim nächste Match soll de Jugendtrainer a fréieren Haaptcoach vun der Hertha, Pal Dardai, un der Säitelinn stoen. De Veräin huet dat Ganzt bis elo nach net kommentéiert. D’Decisioun soll awer nach e Sonndeg am Laf vum Dag matgedeelt ginn.