
Am Spëtzematch vum 11. Spilldag huet Diddeleng géint Hesper kloer mat 0:4 de Kierze gezunn. Schonn no sechs Minutte konnt de Swift den 1:0 markéieren. Béid Ekippen hu vill an de Match investéiert, mee et waren d’Gäscht, déi virun der Paus nach e weidere Gol schéisse konnten. Diddeleng hat wuel Chancen, den Ecart ze verkierzen, blouf awer ouni Gléck. No der Paus war de Match manner animéiert, mee Hesper huet mat der éischter Chance den nächste Gol geschoss. An den nächste Minutten huet den F91 säin Trainer a säi Co-Trainer mat Giel-Rout verluer. An der 83. Minutt huet Hesper nach de 4:0 geschoss. Hesper iwwerhëlt domat d’Tabelleféierung.
D’Escher Jeunesse iwwerrennt d‘Etzella Ettelbréck mat 6:0, obwuel d’Gäscht keng sechs Goler méi schlecht waren. D’Heemekipp konnt fréi den 1:0 markéieren, wat d’Etzella awer net geschockt huet, déi an den nächste Minutten eng Rei Chancen erausgespillt hunn. Bannent aacht Minutte krut d’Jeunesse zwee Eelefmeter zougesprach, déi de Larrière verwandelt huet. No der Paus hunn déi Escher mam Goler schéisse weidergemaach an hunn d’Hallef Dose voll gemaach. Den Trainerwiessel op der Escher Grenz schéngt seng Friichten ze droen, bei der Etzella dogéint nach net.
Och zu Wolz si sechs Goler gefall, hei gewënnt d’Lokalekipp 5:1 géint d’Escher Fola. De Match war fréi lancéiert ginn. No aacht Minutten hate béid Ekippe schonn eemol markéiert. Duerno ass de Match séier ofgeflaacht a béid Ekippen hu kaum nach gutt Chancë kreéiert. Nom Säitewiessel sollt et just nach an eng Richtung goen. An der 60. Minutt huet Wolz en Eelefmeter verwandelt an huet an den 20 Minutten drop nach dräi Goler geschoss. D’Fola ass nom 1:2 komplett ënnergaangen an hat näischt entgéint ze setzen.
De Racing a Monnerech deelen d’Punkten no engem 2:2 um Verluerekascht. De Racing hat am Ufank méi Ballbesëtz, mee et waren d’Gäscht vu Monnerech, déi sech déi besser Chancen erausspille konnten an no 25 Minutte verdéngt den 1:0 markéiert hunn. Kuerz virun der Hallschent gouf den Nouidra vun de Gäscht mat Giel-Rout an d’Vestiairë geschéckt. An den zweete 45 Minutten huet de Racing de Match kontrolléiert a konnt an der 75. Minutt den Ausgläich markéieren. Monnerech huet awer zeréckgeschloen a konnt nees a Féierung goen. An der Nospillzäit hu sech déi Stater awer nach e Punkt geséchert.
Déi negativ Serie vun Déifferdeng geet mat engem 3:2 zu Rouspert op en Enn. D’Gäscht ware besser an de Match komm, mee no engem Handspill op der Gollinn gouf de Frazoni mat Rout vum Terrain gesat. Rouspert konnt den zougesprachenen Eelefmeter verwandelen an hat duerno méi vum Match. Nom Säitewiessel goung Rouspert souguer mat 2:0 an Avantage, mee Déifferdeng huet trotz der Ënnerzuel bannent fënnef Minutten den Ausgläich markéiert. An der Nospillzäit konnten d’Gäscht souguer den 3:2 schéissen a gewannen a leschter Sekonn.
D’US Hueschtert gewënnt knapp mat 1:0 géint d’UNA Stroossen. D’Lokalekipp hat déi éischt Hallschent méi vum Match, mee et waren d’Gäscht vu Stroossen, déi déi besser Chancen erausspille konnten. Sou goung et mat engem 0:0 an d’Kabinnen. No engem Handspill am Siechzéngmeterraum krut den Tom Schnell Giel-Rout an Hueschtert en Eelefmeter zougesprach a konnt deen och erasetzen. An der Nospillzäit hat Stroossen nach d’Chance op den Ausgläich op Eelefmeter, mee de Bernardelli huet verschoss.
De Progrès Nidderkuer verléiert knapp 2:3 am Derby géint d’Union Titus Péiteng. D’Gäscht koume besser an de Match a kruten no enger Véierelsstonn en Eelefmeter zougesprach, deen Nidderkuer fënnef Minutte méi spéit ausgläiche konnt. Kuerz virun der Paus huet Péiteng no engem Fräistouss den 2:1 geschoss. Obwuel de Progrès no der Paus de Match gemaach huet, waren et déi Péitenger, déi nees op Eelefmeter den 3:1 markéiere konnten. An der Nospillzäit konnt Nidderkuer nach verkierzen.
D’US Munneref setzt sech mat 2:0 zu Käerjeng duerch a séchert sech wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig. No enger Véierelsstonn haten d’Gäscht duerch de Keita den éischte Gol geschoss. Nodeem Käerjeng en Eelefmeter verschoss hat, konnt Munneref am Géigenzuch op 2:0 erhéijen. No der Paus ass de Match staark verflaacht a keng Ekipp konnt geféierlech virun de Gol kommen. Kuerz viru Schluss huet de Biagui op Käerjenger Säit no engem haarden Zweekampf glat Rout gesinn.