BGL LigueHesper iwwerrennt de Progrès an den F91 klappt Hamm

RTL Lëtzebuerg
Bei der 5:2-Victoire vun Hesper huet den Abdallah an der 1. Hallschent een Hattrick geschoss. Diddeleng gewënnt um Cents mat 2:1.
© Val Wagner

No enger laanger Paus ass de Ball an der BGL Ligue um Mëttwoch den Owend nees un d’Rulle komm. Béid Nodrosmatcher goufen ouni Spectateure gespillt.

F91 klappt Hamm / Rep. Serge Olmo

De Liveticker vun deenen zwee Matcher fir nozeliesen.

D’Resuméë vun de Matcher

RM Hamm Benfica - F91 Diddeleng 1:2
0:1 Kirch (25'), 1:1 Souza (43'), 1:2 Kirch (48')

Um Terrain vum Cents war Diddeleng op Besuch beim RM Hamm Benfica. Beim Nodrosmatch vum 1. Spilldag ass den F91 als Tabelleleader mat 21 Punkten ugereest. Dogéint stoung d’Lokalekipp mat nëmme 4 Punkten um Wupp vun der Tabell. Béid Ekippen hu sech awer immens schwéier gedoen, no der laanger Paus de Rhythmus ze fannen, an esou ass déi 1. Véierelsstonn vu Feelpasse gepräägt gewiescht. No engem Schoss op de Potto vum Muratovic ass den F91 awer ëmmer besser an de Match komm. No enger onglécklecher Ofwier vum Hammer Golkipp stoung de Kirch an der 25. Minutt goldrichteg an huet de Ball aus kuerzer Distanz an de Gol gesat. Kuerz virun der Paus ass dunn den iwwerraschenden Ausgläich fir d’Haushäre gefall. Mat der 1. Golchance fir Hamm huet de Souza Hamm mat 1:1-Remis an d’Paus geschoss.

Déi zweet Hallschent ass du richteg schlecht ugaange fir d’Lokalekipp. No enger Flank vum Muratovic huet de Kirch den 2:1 fir den F91 gekäppt. Dono hunn d’Gäscht weider op den Tempo gedréckt a wollten d’Virentscheedung sichen. Hamm war wuel beméit, mee et sollt net méi mam Ausgläich klappen. An der Nospillzäit huet den Hammer Cardoso och nach déi Giel-Rout-Kaart gewise krut. Diddeleng opgrond vun de Spillundeeler mat enger verdéngter Victoire um Cents. An der Tabell huet den F91 un der Spëtzt elo 4 Punkte Virsprong op d’Fola.

Progrès Nidderkuer - Swift Hesper 2:5
1:0 Luisi (4'), 1:1 Abdallah (23'), 1:2 Abdallah (27'), 1:3 Stolz (38'), 1:4 Abdallah (45+2'), 1:5 Schnell (48'), 2:5 Bah (83')

Hesper iwwerrennt de Progrès
An der BGL Ligue war e Mëttwoch den Owend d’Reprise vum Championnat.

Béid Ekippen hunn an dëser Saison enttäuscht a sinn hiren Erwaardunge bis ewell hannendrun gelaf. Deementspriechend motivéiert si béid Formatiounen den Nodrosmatch vum 8. Spilldag ugaangen. An esou huet et an der 4. Minutt och schonns eng éischte Kéier am Gol vum Swift gerabbelt. Hesper krut de Ball net aus dem Strofraum degagéiert, sou dass de Luisi aus 13 Meter de Ball an de Filet setze konnt. An der 23. Minutt huet den Abdallah quasi mat der éischter richteger Chance fir Hesper den Ausgläich markéiert. Nëmme 4 Minutte méi spéit huet de Stiermer no schéiner Viraarbecht vum Stolz fir déi zweete Kéier zougeschloen. D’Lokalekipp ass an der Suite vun der 1. Hallschent komplett agebrach an esou hunn de Stolz an den Abdallah nach virun der Paus fir d’Virentscheedung gesuergt.

Déi zweet Hallschent ass do weider gaange wou déi éischt opgehalen huet. No engem Corner vum Pierrars setzt sech de Schnell an der Mëtt duerch an erhéicht de Score op 5:1. Dono ass de Match relativ roueg verlaf, dat well Hesper net méi maache misst a bei Nidderkuer um Mëttwoch Owend net méi vill sollt zesummelafen. Kuerz viru Schluss ass der Lokalekipp awer ëmmerhin nach den 2:5 duerch de jonke Bah gelongen. Eng iwwerleeë Victoire fir Hesper.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO