
Am nationale Futtball stoung um Sonndeg dee ganze 16. Spilldag um Programm.
Et war ee Spilldag mat ville Goler, ënnert anerem konnt Hesper mat 5:1 géint d’Jeunesse gewannen
De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.
Swift Hesper 5:1 Jeunesse Esch
1:0 Colella (33'), 2:0 Stolz (51'), 2:1 Voilis (57'), 3:1 Stolz (68'), 4:1 Abdallah (79'), 5:1 Abdallah (82')
Hesper war vun Ufank un den Här am eegenen Haus. Si ware beméit, sech Golchancen erauszespillen, ma et hat awer bis zur 33. Minutt gedauert, éiert de Colella Hesper a Féierung brénge konnt. De Garos hat de Ball perfekt op de Colella gespillt, deen de Ball ouni Problemer laanscht de Fox spille konnt.
An den éischte Minutten no der Paus konnt Hesper seng Avance ausbauen. De Stolz hat dem Fox hei keng Chance gelooss an Hesper konnt seng Féierung verdéngt ausbauen. D’Jeunesse huet sech nom Réckschlag awer net verstoppt. Si hunn de Wee an d’Offensiv gesicht a sou koume si och erëm an de Match. No enger Pass vu riets stoung de Voilis genau richteg an huet op 1:2 verkierzt. D’Jeunesse wollt den Ausgläich erzwéngen, ma et waren d’Haushären, déi fir eng Virentscheedung suerge konnten. De Stolz konnt an der 68. Minutt säin 2. perséinleche Gol markéieren, dëst no engem laange Ball vum Garos. Um Enn gouf et nach eng däitlech Defaite fir d’Jeunesse. No senger Awiesslung konnt den Abdallah nach 2 Goler dropsetzen, sou datt de Match mat engem 5:1 fir d’Haushären op en Enn gaangen ass.
Fola Esch 3:2 Racing
1:0 Hadji (5'), 1:1 Mabella (33'), 2:1 Hadji (42'), 2:2 Mabella (44'), 3:2 Sinani (55')
Virun dësem Spilldag hat d’Fola mat 40 markéierte Goler déi beschten Offensiv aus der BGL Ligue. An dës staark Offensiv stoung och fréi am Mëttelpunkt. No nëmme 5 Minutte konnt den Hadji ee Feeler vum Pit Simon ausnotzen. De Spiller vun den Escher konnt de Ball op ronn 20 Meter virum géigneresche Gol recuperéieren an huet um Enn Nerve behalen. De Ruffier am Gol vun de Stater hat beim placéierten Ofschloss keng Chance. No enger flotter Ufanksphas war de Match duerno liicht verflaacht a béid Formatiounen hate Méi, de Match op hir Säit ze zéien. No gutt enger hallwer Stonn ass awer erëm Tempo an de Match koum. Nodeems de Mabella an der 33. Minutt den tëschenzäitlechen 1:1 schéisse konnt, war et an der 42. Minutt op en Neits den Hadji, dee seng Faarwen erëm a Féierung bruecht huet. D’Freed war awer nëmme vu kuerzer Dauer. An der 44. Minutt huet de Mabella et dem Hadji nogemaach, an och hie konnt säin 2. Gol markéieren, dëst no enger Virlag vum Jérôme Simon.
No der Paus sinn d’Haushäre besser aus der Kabinn koum. An der 55. Minutt konnt d’Fola eng drëtte Kéier a Féierung goen. No engem Feeler an der Defense vum Racing konnt de Sinani de Ball an de Filet setzen. Duerno gouf et Chancen op béide Säiten, ma et sollt awer kee Schoss méi de Wee an de Filet fannen. Soumat wënnt d’Fola mat 3:2 géint de Stater Racing a bleift un der Spëtzt.
Péiteng 0:3 Diddeleng
0:1 Bojic (19'), 0:2 Bettaieb (47'), 0:3 Delgado (84')
Fir Péiteng goung et doheem ëm wichteg Punkte fir aus dem Tabellekeller ze klammen, ma mat Diddeleng hate si awer ee ganz schwéiere Géigner virun der Broscht. D’Gäscht hunn hirersäits d’Punkte gebraucht, fir un der Spëtzt drunzebleiwen. An der 19. Minutt konnt de Favorit a Féierung goen. De Bojic huet et mat engem direkte Fräistouss aus ronn 20 Meter probéiert a konnt den Ottelé am Gol vu Péiteng och iwwerwannen.
Nom Téi konnt Diddeleng déi verdéngten Avance ausbauen. An der 47. Minutt hat sech de Bettaieb een Häerz geholl. Säi Schoss aus ronn 25 Meter gouf nach ofgefälscht, keng Chance fir den Ottelé bei dëser Aktioun. Duerno hat d’Partie un Tempo verluer, ma Diddeleng konnt de Match awer dominéieren. Fir de Schlusspunkt konnt de Ricky Delgado suergen, dëst no engem Corner vum agewiesselte Schaus.

Etzella Ettelbréck 2:2 Hueschtert
0:1 Schmit (59'), 1:1 Santos (79'), 2:1 Stumpf (82'), 2:2 Steiner (90'+3)

Munneref 0:0 Rodange
Rouspert 3:2 Déifferdeng
0:1 Brusco (21'), 0:2 Lempereur (43'), 1:2 Rossler (72'), 2:2 Lascak (77'), 3:2 Valente (90'+2)

Nidderkuer 2:1 Stroossen
0:1 Schmit (52'), 1:1 Habbas (62'), 2:1 Habbas (90')
Hamm 1:1 Wolz
0:1 Vaccaro (2'), 1:1 Souza (53')
