
Um Sonndeg war d’Suite vum 27. Spilldag an der BGL Ligue.
Den F91 Diddeleng huet sech kloer mat 4:0 géint Käerjeng behaapt.
Diddeleng huet direkt gutt an de Match fonnt an ass an der 2. Minutt duerch den Hadji a Féierung gaangen. An den éischten 30 Minutten hat d’Heemekipp och alles am Grëff. Käerjeng ass virun der Paus nach emol erwächt an hätt den Ausgläich kéinte markéieren. De Lopes hat awer eng gutt Chance leie gelooss. An der 2. Hallschent huet de Favorit awer kloer gemaach, wie Här am eegenen Haus ass. De Bojic mat 2 Goler an der Morren an der Nospillzäit hunn fir déi verdéngte Victoire gesuergt.
Hesper hat doheem keng Problemer mat Rouspert an huet 5:1 gewonnen.
Zu Hesper krute 466 Spectateuren an den éischte 45 Minutte schonns 4 Goler ze gesinn. De Buteur Philippe hat d’Lokalekipp mat 1:0 vir bruecht. 7 Minutte virun der Paus huet de Van Lingen awer ausgeglach. Hesper huet awer nach virum Säitewiessel reagéiert an huet de Score duerch de Sacras an de Stolz op 3:1 geschrauft. De Stolz sollt och nom Téi nach Loscht op Goler hunn. Mat 2 weidere Goler huet hie fir d’Endresultat gesuergt.
Ënnenof huet Hueschtert nom Remis géint Ettelbréck déi lescht Plaz u Käerjeng ofginn. Weder der Etzella nach der USH huet dat Resultat an der Tabell awer weidergehollef.
Um Samschdeg gouf et schonn e 0:0-Remis tëschent Monnerech a Stroossen.
F91 - Käerjeng 4:0
1:0 Hadji (2'), 2:0 Bojic (58'), 3:0 Bojic (87'), 4:0 Morren (90'+3)
Hesper - Rouspert 5:1
1:0 Philippe (11'), 1:1 Van Lingen (38'), 2:1 Sacras (42'), 3:1 Stolz (44'), 4:1 Stolz (60'), 5:1 Stolz (80', Eelefmeter)
Munneref - Wolz 3:0
1:0 Mendes (62'), 2:0 Fernandes (82'), 3:0 Benamra (86')
Déifferdeng - Jeunesse 0:2
0:1 Seck (25'), 0:2 Klica (63')
Fola - Progrès 0:4
0:1 Mazure (2'), 0:2 Vogel (13'), 0:3 Filet (39'), 0:4 De Almeida (65')
Etzella - Hueschtert 1:1
1:0 Hermandung (43'), 1:1 Basha (84')
Péiteng - Racing 1:1
1:0 Gonçalves Mateus (15'), 1:1 N’Goma (51')