
Um Monnerecher Terrain hunn déi 243 Zuschauer keng Goler tëscht dem FCM an der UNA Stroossen gesinn.
An der éischter Hallschent hu béid Ekippe sech deelweis neutraliséiert an de Match war vu villen Onprezisioune gepräägt. Déi eenzeg gutt Aktioun haten déi Stroossener kuerz virun der Paus duerch e Schoss vum Perez aus 12 Meter, deen un d’Lat goung. Vu Monnerecher Säit koum an den éischte 45 Minutten näischt Zielbares.
An der 59. Minutt huet Monnerech eng éischt Kéier um Stroossener Gol ugeklappt, mee de Bal goung knapp derlaanscht. D’Heemekipp war elo besser am Match a Stroossen huet sech op Konter konzentréiert. Bis zum Schluss vum Match war alles op. Monnerech hat zwou gutt Chancen a kierzter Zäit an d’UNA huet weider op Konter gespillt.
Wéinst engem schlëmme Foul huet de Konté an der Nospillzäit glat Rout gesinn, duerno sollt näischt méi geschéien, soudass de Match mat engem gerechten 0:0 op en Enn geet. Fir Monnerech ass et wichtege Punkt am Kampf géint den Ofstig.
Déi aner Matcher vum 27. Spilldag ginn e Sonndeg um 16 Auer ugepaff.