Nodeems de Swift den Allersmatch mat 1:3 verluer hat, goungen déi zwou éischt Chancë vum Retourmatch op de Kont vun der Heemekipp. An der 10. Minutt war et de Sinani, dee laanscht de Gol geschoss huet. Kuerz drop war dem Stolz säi Schoss net präzis genuch.
An der 15. Minutt huet sech Struga d’Liewe selwer schwéier gemaach. De Stiermer Radeski krut déi rout Kaart gewisen, nodeems hien no engem Feeler nogetrëppelt hat. D’Gäscht sinn awer zwou Minutte méi spéit an Ënnerzuel duerch den Ibraimi a Féierung gaangen.
Hesper huet sech weiderhi schwéier gedoen a Struga hat duerch den Ibraimi an de Shabani d’Méiglechkeet, den zweete Gol ze markéieren. Kuerz virun der Paus hat den Nouvier den 1:1 um Fouss, hie konnt dem Sinani seng Pass awer net am Gol ënnerbréngen.
Nom Säitewiessel huet Hesper d’Gäscht ënner Drock gesat a sech direkt gutt Chancen erausgespillt. Den Ayongo, den Nouvier an den Jaime hunn de Ball awer net am Gol ënnerbruecht. An der 70. Minutt ass dem Hemkemeier de verdéngten 1:1 gelongen. D’Ekipp vum Carlos Fangueiro huet weider no vir gespillt an ass an der 94. Minutt duerch den Akhalaia 2:1 a Féierung gaangen. Hesper huet och an de leschte Minutte vun der Nospillzäit alles probéiert, e weidere Gol sollt awer net méi falen.
Um Enn war d’Hypothéik aus dem 1. Match ze grouss, fir am Stade de Luxembourg nach en Tour an der Conference-League-Qualifikatioun weiderzekommen. Domadder sinn elo alleguer d’Lëtzebuerger Ekippen am europäesche Geschäft eliminéiert ginn.
Mam Marvin Martins a Vincent Thill waren zwee weider Lëtzebuerger mat hiren Ekippen am Ausland am Asaz.