Lëtzebuerger Futtballer am AuslandThill a Martins fléien aus der Conference League eraus

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg waren de Marvin Martins an de Vincent Thill mat hiren Ekippen am 3. Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun am Asaz.
© Val Wagner (Archiv)

An do huet de Vincent Thill mat Sabah Baku 4:5 no Eelefmeterschéissen zu Partizan Belgrad verluer. Nodeems Baku den Allersmatch mat 2:0 gewonnen hat, stoung et zu Belgrad no 90 Minutten 2:0 fir Partizan an de Match ass an d’Verlängerung an dono an d’Eelefmeterschéisse gaangen. De Lëtzebuerger huet vun Ufank u gespillt an ass an der 78. Minutt ausgewiesselt ginn. Vun der Bänk aus huet den Thill gesinn, wéi säin Teamkolleeg Alasgarov den entscheedenden Eelefmeter net erakrut.

De Marvin Martins ass mat Austria Wien och eliminéiert ginn. An enger geckeger Partie huet Wien a leschter Sekonn mat 3:5 géint Legia Warschau verluer. Den Ofwierspiller stoung déi 90 Minutten um Terrain a krut an der 64. Minutt déi giel Kaart gewisen. Den Allersmatch hat Wien nach mat 2:1 fir sech entscheet.

Back to Top
CIM LOGO