
D’USA gëllen als ee vun den Toppfavoritten op dëser Weltmeeschterschaft, ma den Éischten am FIFA Ranking koum net iwwert e Remis géint den Néngten aus Holland eraus. D’Hollännerinnen waren no 17 Minutten duerch d’Roord a Féierung gaangen. D’USA konnten dunn no 62 Minutte duerch d’Horan ausgläichen. Kuckt ee sech d’Statistike vum Match un, haten d’Hollännerinne méi Ballbesëtz, d’Amerikanerinnen dogéint haten däitlech méi Ofschlëss.
Am zweete Match vun dësem Grupp war Portugal dominant géint de Vietnam. D’Europäerinne konnten duerch Goler vum Encarnacao a Nazareth hir éischt Victoire op dëser WM Feieren. An der Tabell leien d’USA an Holland mat véier Punkten un der Spëtzt, dohannert kënnt Portugal mat 3 a Vietnam mat 0. An der leschter Partie treffen d’Portugisinnen op d’USA a Vietnam kritt et mat Holland ze dinn.
An der drëtter Partie vum Dag huet sech Nigeria géint Australien behaapt, dobäi war d’Ekipp vum Organisateur nach an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent duerch Van Egmond a Féierung gaangen. Ma nach an der selwechter Nospillzäit huet d’Kanu nees ausgeglach. Nom Téi haten d’Dammen aus Nigeria siwe staark Minutten a konnten an där Zäit direkt zwee Mol, duerch Ohale an Oshoala, de Match dréinen. De Gol vun der Kennedy an der Nospillzäit koum fir d’Australierinnen ze spéit, fir nach e Punkt hei matzehuelen.
USA - Holland 1:1
0:1 Roord (17'), 1:1 Horan (62')
Portugal - Vietnam 2:0
1:0 Encarnacao (7'), 2:0 Nazareth (21')
Australien - Nigeria 2:3
1:0 Van Egmond (45'+1) 1:1 Kanu (45'+6), 1:2 Ohale (65'), 1:3 Oshoala (72'), 2:3 Kennedy (90'+10)