Futtball-Legend am SpidolHorst Eckel bei Chute schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De Futtballweltmeeschter aus dem Joer 1954 huet sech Doheem uerg blesséiert, hie läit ënnert anerem mat gebrachene Rëppen an enger Klinik zu Homburg.
© FIRO/SID/

Dat huet seng Duechter dem SID e Méindeg confirméiert, schreift den SWR. Nieft gebrachene Rëppe leit den 88 Joer ale Mann och ënnert enger Gehiererschütterung an enger gebrachener Nues. Et géing him awer den Ëmstänn entspriechend gutt goen.

Geschitt ass de Virfall den 22. Dezember. Den Horst Eckel ass de leschten “Held vu Bern”, deen nach lieft.

Back to Top
CIM LOGO