Futtball-WM 2022Ingenieurskonscht a Ressourcëverschwendung fir 28 Deeg u Kompetitiounen

Isabelle Henschen
Wuess an der Wüüst unzeplanzen, war den Challenge, deen d'Ingenieuren am Katar ugeholl hunn. 2007 hu se mat der Entwécklung ugefaangen.
WM 2022 am Katar: Ingenieurskonscht a Ressourcëverschwendung
Wuess an der Wüüst unzeplanzen, war den Challenge, deen d’Ingenieuren am Katar ugeholl hunn. 2007 hu se mat der Entwécklung ugefaangen.

15 Joer méi spéit sinn d’Futtballterrainen zu a ronderëm Doha gréng. De Wuess an den 8 Stadien, an deenen d’Futtball-WM am Katar gespillt gëtt, ass prett. Dat esou hinzekréien, huet kascht. Suen a Ressourcen. Wéi vill Suen et kascht huet, wëllen d’Organisateuren net soen, mee bei de Ressourcen ass e bëssen eppes bekannt.

Nërdlech vun Doha, an der Gemeng Umm Salal, ginn op 425.000 Metercarré Gras ugeplanzt. 140 Tonne Som ginn dofir all Joer aus den USA ageflunn a mat entsalzenem Waasser bewässert. Am Wanter ginn 10.000 Liter pro Terrain pro Dag gebraucht, am Wanter awer bis zu 50.000 Liter. D’Entsalze vum Waasser ass en Energie-intensive Prozess, fir deen Äerdgas genotzt gëtt. De Wuess gëtt ugeplanzt fir déi 8 Terrainen an de grousse Stadien an 136 Trainingsfelder. Falls wärend der Weltmeeschterschaft den Terrain muss nogebessert ginn, dann ass ee preparéiert. Bannent 8 Stonnen hätt een den Ersatz-Wuess opgerullt, bei de Stadion transportéiert an ausgebessert. Dofir huet ee Wuess op enger Fläch vu 40 Futtballterrainen op Reserv.

Nohalteg wollt ee beim Thema Hoteller virgoen. Et sollte keng Gebaier gebaut ginn, déi duerno, wann déi dausende vu Futtballfans erëm fort sinn, eidel stinn. Dofir d’Iddi: Croisièresschëffer als schwammend Hoteller zu Doha. Aktuell stinn dofir 3 Croisièresschëffer vun MSC Cruises am Hafe vun Doha. Dat gréissten, d’MSC World Europa, huet Plaz fir 6.762 Passagéier. Et ass e fonkelneit Schëff mat Kabinnen op 22 Stäck, 13 Restauranten, Bare mat enger eegener Brauerei a 6 Piscinnen. Wärend der WM kënnen d’Gäscht do liewen, wéi se et ausserhalb vu Katar gewinnt sinn. Just de Casino ass zou.

Back to Top
CIM LOGO