
E Mëttwoch den Owend sinn um 5. Spilldag vun der Champions League weider Decisioune gefall. Nieft Liverpool, déi souverän mat 3:0 zu Amsterdam gewanne konnten, steet och Inter Mailand sécher an der 1/8-Finall. Dëst nodeems de Veräin aus Italien mat 4:0 géint Pilsen gewanne konnten. Fir Barcelona geet et dogéint an der Europa League weider. Mam FC Porto steet e weidere Veräin sécher am nächsten Tour. Nodeems Porto géint Bruges gewanne konnt a sech Leverkusen an Atletico Madrid mat engem 2:2 getrennt hunn, sinn d’Portugisen och sécher en Tour weider.
Am Grupp D falen d’Decisiounen iwwerdeems um leschte Spilldag. Nodeems Frankfurt mat 2:1 géint Marseille gewanne konnt an Tottenham doheem net iwwert en 1:1 géint Sporting Lissabon erauskomm ass, kann an dësem Grupp nach all Ekipp weiderkommen.
Barcelona - Bayern München 0:3
0:1 Mané (10'), 0:2 Choupo-Moting (31'), 0:3 Pavard (90+5')
An enger intensiver an hektescher éischter Hallschent, déi vu ville Ballverloschter gepräägt war, hunn d’Münchener Bayern sech zu Barcelona net verstoppt. D’Bayern hu vun Ufank u monter no vir gespillt a konnte sech eng sëllege Chancen erausspillen. Esou sollt och schonn an der 10. Minutt den 1:0 fir den däitsche Rekordmeeschter falen. De Gnabry, deen de Ball an der eegener Hallschent gewanne konnt, huet séier ëmgeschalt a mat engem Diagonalball de Mané op d’Rees geschéckt, deen de Ball ugeholl, sech géint de Bellerin behaapt an de Ball schlussendlech am Filet ënnerbruecht huet. Nom Gol hunn d’Katalane sech schwéier gedoe fir an de Match ze kommen, soudatt d’Bayern den Drock héich gehalen hunn a sech dofir an der 31. Minutt belount hunn. No engem séiere Konter an Iwwerzuel war et nees de Gnabry, deen den Choupo-Moting schéin an Zeen gesat huet. Dësen huet dem Ter Stegen am Gol vu Barcelona keng Chance gelooss an huet de Ball zum 2:0 an de Gol geschoss. Wa Barcelona am Match geféierlech ginn ass, da war et duerch den Dembelé, deen an der éischter Hallschent heiansdo fir Onrouen am bayresche Strofraum gesuergt huet. E geféierleche Schoss op de Gol konnten d’Katalanen allerdéngs net ofsetzen. An der 43. Minutt hunn d’Münchener Supporteren nach eng Kéier kuerz missen den Otem unhalen. Dëst nodeems den Arbitter e Foul vum De Ligt um Lewandowski gesi wollt hunn an hie Barcelona doropshin en Eelefmeter zougesprach huet. Allerdéngs huet de VAR sech ageschalt, soudatt den Eelefmeter annuléiert gouf an d’Bayern mat enger 2 Goler Avance an d’Paus goe konnten.
Nom Säitewiessel hunn d’Bayern de Match geréiert an hunn net méi vill ubrenne gelooss. An der 55. Minutt louch de Ball dunn nees am Filet vu Barcelona. Dëst nodeems den Gnabry de Ball an de laangen Eck geschlänzt hat. Allerdéngs gouf de Gol wéinst enger Abseitspositioun vum Gnabry vum VAR oferkannt. Vu Lewandowski a Co war am weidere Verlaf vum Match net vill ze gesinn. Phaseweis hunn d’Katalane schéin a séier no vir gespillt, allerdéngs konnte si keen Drock op d’Defense vun de Münchener ausüben an domadder och keng nennenswäert Chance verbuchen. De Match ass doropshin dohigeplätschert an d’Zäit op der Auer ass ëmmer manner ginn. An der Schlussphase konnten d’Bayern duerch de Pavard nach op 3:0 erhéijen, soudatt d’Münchener de Match verdéngt mat 3:0 gewanne kënnen. Fir Barcelona geet et no der Gruppephas elo sécher an der Europa League weider, dëst well Inter Mailand géint Viktoria Pilsen gewanne konnt.
Inter Mailand - Viktoria Pilsen 4:0
1:0 Mkhitaryan (35'), 2:0 Dzeko (42'), 3:0 Dzeko (66)’, 4:0 Lukaku (87')
SSC Neapel - Rangers 3:0
1:0 Simeone (11'), 2:0 Simeone (16'), 3:0 Östigard (80')
Ajax Amsterdam - FC Liverpool 0:3
0:1 Salah (42'), 0:2 Darwin (49'), 0:3 Elliott (52')
Club Bruges - FC Porto 0:4
0:1 Mehdi Taremi (33'), 0:2 Evanilson (57'), 0:3 Eustaquio (60'), 0:4 Mehdi Taremi (70')
Atletico Madrid - Bayer Leverkusen 2:2
0:1 Diaby (9'), 1:1 Carrasco (22'), 1:2 Hudson-Odoi (29'), 2:2 De Paul (50')
Eintracht Frankfurt - Olympique Marseille 2:1
1:0 Kamada (3'), 1:1 Guendouzi (22'), 2:1 Kolo Muani (27')
Tottenham - Sporting Lissabon 1:1
0:1 Edwards (22'), 1:1 Bentancur (80')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.