3. LigaJeff Saibene net méi Trainer vum 1. FC Kaiserslautern

RTL Lëtzebuerg
No der 0:1-Néierlag e Samschdeg géint Wehen Wiesbaden hunn déi Responsabel vu Kaiserslautern dës Decisioun matgedeelt.
© RTL (Archiv)

Beim 1. FC Kaiserslautern kënnt et zu engem weideren Trainerwiessel. Kuerz no der 0:1-Néierlag géint den SV Wehen Wiesbaden e Samschdeg hunn déi Verantwortlech vum Veräin d’Trennung vum Jeff Saibene bekannt ginn.

De Jeff Saibene hat den FCK nom zweete Spilldag iwwerholl. Him ass et zanterhier awer net gelongen, fir d’Ekipp nees op d’Erfollegsspuer ze bréngen. An 20 Matcher ënnert der Leedung vum Lëtzebuerger hunn d’Rout Däiwelen nëmmen dräi Matcher gewonnen, et gouf 12 Mol e Remis a fënnef Néierlagen.

Lautern steet no 22 Spilldag op der 16. Plaz an der Tabell an ass domadder nëmmen eng Plaz vun den Ofstigsplazen ewech.

Back to Top
CIM LOGO