
An hei gouf et en dominanten Optrëtt vum Norweger Johannes Thingnes Bö. Den Éischten am Weltcup kënnt no enger staarker Leeschtung an der Loipe an 2 feelerfräie Schéissen op déi éischt Plaz. Dat mat enger Zäit vu 15 Minutten 48 Sekonnen an 9 Zéngtel.
Och säi Kompatriot Sturla Holm Laegreid bleift a béide Schéissen ouni Feeler a kënnt mat engem Retard vu 17,6 Sekonnen op déi 2. Plaz. Drëtte gëtt de Benedikt Doll, dat op 38,8 Sekonnen.
De Fransous Emilien Jacquelin, deen als Drëtten am Weltcup an d’Course gaangen ass, koum no engem Feeler am éischten an zwee Feeler am zweete Schéissen nëmmen op déi 13. Plaz.