
Den 20. November fänkt jo d’Futtball-WM am Katar un. Zanter dem Ufank vun den Aarbechten un den 8 Stadien, hätt et verschiddene Quellen no jo Honnerten, oder souguer Dausende vun Doudesaffer ginn.
Dat stëmmt esou net, heescht et elo vum offiziellen Organisatiounscomité.
Just 3 Aarbechter wiere reell op de Chantieren duerch Aarbechtsaccidenter ëmkomm, confirméiert och d’FIFA. Weider 37 Doudesfäll, déi registréiert gi sinn, wieren net duerch d’Schaffen op de Chantieren geschitt, a goufen dohier als “Non-Work-related” agestuuft.
De Katar kritiséiert géintiwwer der Noriichtenagence DPA, dass net géif differenzéiert ginn, a verweist op eng etlech Reformen, déi et ginn hätt. Genee déi ginn awer ëmmer nees vun ONGe wéi “Human Rights Watch” oder “Amnesty International” kritiséiert. Déi fuerderen och weider en Entschiedegungsfong, fir déi Dausende Wanderaarbechter, haaptsächlech aus Zentral- a Südost-Asien, déi ënnert dubiéise Konditiounen um Bau vun de Stadie gehollef hunn.