Futtball-WM 2022Katar refuséiert Entschiedegungsfong fir Aarbechter

RTL Lëtzebuerg
Déi kataresch Regierung huet d'Ariichtung vun engem Fong, fir blesséiert Aarbechter oder Hannerbliwwene vun Doudesaffer, refuséiert.
© SID/GABRIEL BOUYS

An déck zwou Woche rullt am Wüstestaat Katar de Ball. Déi geplangte Futtball-WM an d’Situatioun op de WM-Chantiere suerge schonn zanter Jore fir Diskussiounen.

Mënscherechtsorganisatiounen hu lo vun Doha a vum Futtballverband FIFA e Fong verlaangt, dee blesséierten Aarbechter oder den Hannerbliwwene vun Doudesaffer ze gutt komme soll.

De katareschen Aarbechtsminister refuséiert déi Fuerderung a schwätzt vun engem Publicitéits-Gag. All Doud wier eng Tragedie, sou de Minister, mä et géing u Krittäre feelen, fir e Fong z’installéieren.

Back to Top
CIM LOGO