Internationale FuttballKee Gewënner tëscht Liverpool an Arsenal

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich ka sech Lyon géint Rennes duerchsetzen a Monaco spill 2:2 géint Nantes.
© AFP

Och an der däitscher Bundesliga gouf um Sonndeg gespillt. Den Iwwerbléck fannt dir hei. Iwwerdeems huet de Marvin Martins mat Austria Wien 3:3 géint Salzburg gespillt.

Premier League

Leeds United - Crystal Palace 1:5
1:0 Bamford (21'), 1:1 Guehi (45+1'), 1:2 Ayew (53'), 1:3 Eze (55'), 1:4 Edouard (69'), 1:5 Ayew (77')

FC Liverpool - FC Arsenal 2:2
0:1 Martinelli (8'), 0:2 Jesus (28'), 1:2 Salah (42'), 2:2 Firminio (87')

Liverpool an Arsenal spillen no engem ënnerhalsame Match 2:2-Gläich. Den aktuellen Tabellenleader Arsenal London ass fulminant an de Match gestart, a louch no 28 Minutten no Goler vun Gabriel Martinelli a Gabriel Jesus mat 2:0 a Féierung. Virun allem an der Defense hat d’Ekipp vum Jürgen Klopp wéi och an deene leschte Woche grouss Problemer. Kuerz virun der Paus ass Liverpool duerch den Salah säi Gol awer nees zeréck an de Match komm.

An der 54. Minutt hat Liverpool déi grouss Chance op den 2:2. De Salah sollt een Eelefmeter awer laanscht de Gol schéissen. An der 2. Hallschent war offensiv vun de Gunners net mei vill ze gesinn, ganz am Géigendeel zu der Lokalekipp. D’Reds hunn och nom verschossenen Eelefmeter den Drock weider oprecht erhalen, an haten duerch de Salah (57', 81') zwou gutt Chancen, den Ägypter sollt awer jeeweils um Ramsdale säi Meeschter fannen. Kuerz virun Schluss ass de Gol dunn awer nach gefall. No enger Flank vum Alexander-Arnold huet den Firminio per Kapp den 2:2 konnte markéieren. An der Nospillzäit hat Arsenal dunn Chance, dass Liverpool net nach den 3:2 geschoss huet.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Olympique Lyon - Stade Rennes 3:1
0:1 Gouiri (11'), 1:1 Tolisso (60'), 2:1 Lacazette (68'), 3:1 Barcola (79')

Lyon huet no der Victoire géint den direkte Konkurrent vu Rennes weider Chancen sech fir dat internationaalt Geschäft ze qualifizéieren.

FC Nantes - AS Monaco 2:2
0:1 Disasi (21'), 0:2 Matazo (30'), 1:2 Mostafa Mohamed (65'), 2:2 Blas (78')

Laang huet et no enger Victoire fir Monaco ausgesinn, éier Nantes an der Schlussphase de Score dach nach ausgläiche konnt. Fir Nantes ass et e wichtege Punkt am Ofstigskampf. Monaco steet sengersäits weider op der 4. Plaz an der Tabell, mat 5 Punkte Réckstand op Lens, déi aktuell zweete sinn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO