Lëtzebuerger Futtballer am AuslandMarvin Martins spillt mat Austria Wien gläich géint Salzburg

RTL Lëtzebuerg
De Maxime Chanot spillt mat New York City gläich géint Atlanta.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

De Marvin Martins stoung beim 3:3 tëscht Salzburg an Austria Wien 90 Minutten um Terrain. Austria Wien louch tëschenzäitlech mat 1:2 a Réckstand. An enger animéierter Schlussphase louchen déi Violett 3:2 a Féierung, éier de Sesko an der Nospillzäit dach nach den Ausgläich fir Salzburg markéiere konnt.

An der amerikanescher MLS huet New York City mam Maxime Chanot 1:1 géint Atlanta gespillt. De Lëtzebuerger Defenseur stoung 90 Minutten um Terrain a krut an der 77. Minutt déi Giel Kaart gewisen.

An der 2. däitscher Bundesliga huet Hansa Rostock 2:3 géint Holstein Kiel verluer, a steet domat weider déif am Ofstigskampf. De Sébastien Thill war op en Neits net am Kader vu Rostock.

Samschdeg

An der zweeter portugisescher Liga ass et fir den UD Vilafranquense mam Eric Veiga um 27. Spilldag näischt ze huele ginn. Bei der 0:2-Defaite géint Académico Viseu gouf de Lëtzebuerger Nationalspiller no 32 Minutten ausgewiesselt.

Eng 0:2-Defaite gouf et och fir de Florian Bohnert mat Bastia. Am Match géint Girondins Bordeaux stoung hien an der Starteelef a gouf an der 62. Minutt ausgewiesselt.

Mam Leandro Barreiro stoung och nees ee Lëtzebuerger an der 1. Bundesliga an der Starteelef. Fir Mainz gouf et no enger geckeger Schlussphas nëmmen ee Punkt. Duerch Goler an der 85. an der 93. Minutt konnte si zwee Mol a Féierung goen, zwee Mol konnt allerdéngs Bremen zwou Minutten drop ausgläichen. De Leandro Barreiro gouf an der 58. Minutt beim Stand vun 0:0 ausgewiesselt.

Och de Mathias Olesen ass e Samschdeg um 27. Spilldag zum Asaz komm. Bei der 3:1-Victoire vu Köln iwwert Augsburg ass hien an der 79. Minutt op den Terrain komm fir d’Féierung sécher iwwert d’Zäit ze bréngen. Dat ass och gelongen a sou hëlt sech den 1.FC Köln dräi wichteg Punkte mat Heem.

Fir de Seid Korac gouf et dann an der Allsvenskan eng 3:1-Victoire mam IF Degerfors. Als zentralen Defenseur an der Dräierketten huet hien de ganze Match duerchgespillt.

Um 26. Spilldag vun der héchster ungarescher Liga huet Ujpest mam Tim Hall 0:0 gespillt. De Lëtzebuerger Defenseur war hei 90 Minutten am Asaz.

An der zweeter tierkescher Liga huet den Olivier Thill sech mat Eyüpspor dräi Punkte geséchert. Bei der 2:1-Victoire géint den FK Altinordu stoung hie fir 74 Minutten um Terrain.

Eng Victoire gouf et dann och fir Sparta Rotterdam an der hollännescher Eredivisie. De Mica Pinto stoung beim 1:0-Succès géint AZ Alkmaar vun Ufank un um Terrain a gouf kuerz viru Schluss an der 84. Minutt ausgewiesselt.

E fréie Gol an e spéide Géigegol bréngen Union Saint Gilloise an dem Anthony Moris um 32. Spilldag an der héchster belscher Liga ee Punkt. Géint de KAA Gent spille si um Enn 1:1 gläich.

Back to Top
CIM LOGO