
E Sonndeg war an der däitscher Bundesliga d’Suite vum 27. Spilldag. E Samschdeg huet ënnert anerem Freiburg doheem mat 0:1 géint Bayern München verluer.
Borussia Mönchengladbach gewënntt mat 2:0 géint den VFL Wolfsburg. D’Gäscht haten an der Ufankphase méi Spillundeeler, ouni dass d’Ekipp vum Nico Kovac awer eppes zielbares doraus gemaach hätt. Gladbach ass an dunn an der 34. Minutt no engem decke Feeler vum Casteels aus dem Näischt duerch den Ngoumou a Féierung gaangen. Nom Säitewiessel sollt sech de Niiveau vum Match weider a Grenzen halen. No der 2:0 Féierung vum Thuram an der 63. Minutt war de Match quasi virentscheed, vu Wolfsburg ass virun allem an der zweeter Hallschent ze wéineg komm. No 5 Matcher ouni Victoire ka Gladbach deemno nees gewannen, iwwerdeems et fir de VFL e Réckschlag em déi europäesch Plaze war.
Alles an allem ka sech Stuttagrt no enger engagéierter Leeschtung verdéngt mat 3:2 zu Bochum duerchsetzen. Et si fir de VFB immens wichteg 3 Punkten am Kamp em den Ofstig a gläichzäiteg verkierzt een an der Tabell de Réckstand op Bochum op 3 Punkten. Nodeems de VFB an der Paus 1:0 a Féierung louch, konnt de Stöger per Eelefmeter an der 58. Minutt fir Bochum ausgläichen. Stuttgart huet sengersäits net laang gezappelt, an huet mam Guirassy a Vagnoman bannent 3 Minutten (60' a 63') de Match zu hiere Gonschte gedréint. Bochum sollt an der Schlussphase wuel nach den Uschloss markéieren (Hofmann, 85‘), zu méi sollt et awer net méi duergoen, sou dass de VFL doheem mat 2:3 de Kierzeren zitt.
D’TSG Hoffenheim feiert iwwerdeems e Sonndeg déi drëtt Victoire hannerteneen an dat géint en direkte Konkurrent am Kampf géint den Ofstig. Hoffenheim klappt nämlech Schalke mat 2:0. Domat huet Hoffenheim elo 6 Punkten Avance op eng direkt Oftsigsplaz a 7 Punkten Avance op den Tabelleleschte Schalke.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.