Frëndschaftslännermatch géint FrankräichKënnen d'Rout Léiwen den Owend zu Metz fir eng Iwwerraschung suergen?

RTL Lëtzebuerg
Am Stade Saint-Symphorien zu Metz ass alles ugeriicht fir ee spannende Futtballowend.
© Chris Schagen
Kënnen d'Rout Léiwen den Owend zu Metz fir eng Iwwerraschung suergen?
Am Metzer Stade Saint-Symphorien ass alles ugeriicht fir ee spannende Futtballowend.

Och déi éischt Lëtzebuerger Supportere sinn entretemps zu Metz ukomm. Vun hinne wollte mir wëssen, wat si sech vun dëser Partie erwaarden: “E flotte spannende Match, wou et schwéier gëtt, e positiivt Resultat ze kréien, denken ech. D’Fransouse sinn an enger Preparatioun fir d’EM. Déi wäerten haut alles weisen (...) mä ech denken eis Rout Léiwe wäerte sech haut tapfer schloen”, esou ee Fan géigeniwwer RTL.

Futtball Lëtzebuerg-Frankräich
Social-Media-Video

Effektiv wäert et net einfach gi fir déi Lëtzebuerger Nationalekipp: Wichteg Spiller wéi de Leandro Barreiro, Vincent Thill oder Mica Pinto wäerten dem Luc Holtz net zur Verfügung stoen. Trotzdeem kann ee gespaant bleiwen, ob d’FLF-Selektioun nees wéi 2017 en Deel-Erfolleg géint d’Fransouse feiere kann. Deemools gouf et zu Toulouse en 0:0-Remis.

De Match kënnt Dir vun 21.00 Auer un op RTL Zwee oder am Livestream op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO