
Déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp spillt an der nächster Weltmeeschterschaftsqualifikatioun am Grupp A. Nieft de 4 aneren europäeschen Natiounen ass och de Katar als Organisateur vun der nächster WM als Gaascht an deem Grupp dobäi. An de leschte Jore si vill topp Veräinsekippen an der Wanterpaus an de Wüüstestaat gereest, fir do ënner perfekte Konditiounen ze trainéieren. D’Fro stellt sech natierlech ob och bei der FLF iwwer esou ee Wanter-Stage nogeduecht gëtt.
Am éischte Moment no der Auslousung vun de Gruppe fir d’Qualifikatioun vun der Weltmeeschterschaft 2022 am Katar war eng gewëssen Enttäuschung beim Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer opkomm, well de Luc Holtz léiwer an engem Grupp mat 6 Ekippe gewiescht wär. E Grupp mat Portugal, Serbien, Irland, an Aserbaidschan ass net schlecht, ma e 6er Grupp hätt méi Matcher bedeit a wär besser gewiescht. E puer Deeg drop, Mëtt Dezember zejoert, huet et dunn op eemol vun der Fifa an der Uefa geheescht, datt den Organisateur vun der WM, de Katar, als Gaascht an de Grupp A géif gesat ginn. Lo ass den Allersmatch de 24. Mäerz zu Wien an den Heemmatch vun de Roude Léiwe géint de Wüüstestaat vum persesche Golf de 7. September hei am Land, vläicht jo da schonn am neie Stadion op der Cloche d’Or.
Egal wéi kommen déi Responsabel vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun jo elo mat deene Responsabele vum Asie-Champion a Kontakt an da gëtt sécherlech och iwwert e méiglechen zukünftege Wanter-Stage am Katar geschwat, dozou den FLF-President Paul Philipp: “Doudsécher steet dat an eisem Agenda dran. Et ass sécher, datt esou Matcher och fir eis do sinn, fir mat esou Leit, wat elo vu politescher Säit ass ass net eise Problem, ech kucken dat sportlecht, do Kontakter ze knäppen.”
De Paul Philipp huet et ugeschwat, et ass scho gewosst, datt d’Land selwer ëmmer nees wéinst dem Net-Respekt vun de Mënscherechter kritiséiert gëtt. Datt och vill europäesch Länner keng Problemer hunn, wirtschaftlech Relatioune mat esou Staaten z’ënnerhalen, ass jo och bekannt. Den FLF-President kuckt dat sportlecht a weess wat op der arabescher Hallefinsel ass: “Si hunn e fantasteschen Trainingszenter, warscheinlech dat Bescht, wat et am Moment gëtt, et ass net just de PSG, deen dohi geet, och Bayern München ginn dohin, an och Nationalekippen.”
Déi brittesch Zeitung the Guardian huet net méi spéit wéi en Dënschdeg bericht, datt zanter ronn 10 Joer, also zanter deem Moment, wou bekannt war, datt d’Weltmeeschterschaft am Katar wär, iwwer 6.500 Aarbechter beim Bau vun de Stadien ëm d’Liewe komm sinn. Fir déi meescht Doudesfäll gëtt d’Regierung vum Wüüstestaat awer en natierlechen Doud un. Wéinst der grousser Hetzt am Summer ass d’Futtballweltmeeschterschaft schonn an de Wanter verluecht ginn, an dat d’nächst Joer vum 21. November bis den 18. Dezember.