
De Johannes Heosflot Klaebo hat no de 15 Kilometer zu Oberstdorf an Däitschland ee Virsprong vun 0,4 Sekonnen op de Russ Sergej Ustjugow. Drëtte war de Russ Alexander Bolschunow mat engem Réckstand vun 1 Minutt an 8 Sekonnen.
Mat senger Victoire vun der 5. Etapp vun der Tour de Ski bleift de Klaebo a Féierung. Hien huet e Virsprong vu ronn 5 Sekonnen op de Russ Ustjugow.
D'Course-Poursuite, déi mat den Ofstänn vum Tour-de-Ski-General gestart ginn ass, huet iwwer wäit Strecken dat nämmlecht Bild gewisen. De Leader Klaebo war als Éischten op d'Streck gaangen, 15,4 Sekonne méi spéit den Ustjugow, de Bolschunow als Drëtte mat 46 Sekonne Réckstand. No knapp 2 Kilometer hat den Ustjugow de Klaebo agefaangen. Béid Athleten hunn un der Spëtzt eng souverän Course gemaach, déi de Klaebo um Enn am Sprint fir sech entscheet huet. De Bolschunow konnt keng Zäit gutt maachen an huet esouguer Sekonnen op déi zwee un der Spëtzt verluer.
Bei den Dammen huet d'Ingvild Flugstad Östberg d'Poursuite iwwer 10 Kilometer dominéiert. D'Norwegerin ass d'Course eleng un der Spëtzt gelaf an huet hire Virsprong op hir Konkurrentinne weider ausgebaut a steet kuerz virun der Victoire vun der Tour de Ski. D'Östberg war mat engem Virsprong vu 24 Sekonnen an d'Course gaangen an hat um Enn eng Avance vun 30 Sekonnen op d'Russin Natalia Neprjajewa. Als Drëtt ass d'US-Amerikanerin Jessica Diggins iwwert d'Arrivée gefuer. Si hat e Réckstand vun 1 Minutt an 12 Sekonnen.
Am General huet d'Östberg no 5 Courssen 35 Sekonne Virsprong op d'Neprjajewa an 1 Minutt an 22 Sekonnen op d'Diggins.