
Den Éisträicher Thiem, op Nummer 2 gesat beim Tournoi, gewënnt mat 7:6, 6:1 a 6:1 géint de Kanadier Auger-Aliassime.
De Russ Medvedev (3) gewënnt bannent just 98 Minutte mat 6:4, 6:1 a 6:0 géint de Frances Tiafoe.
Bei den Damme behaapt sech d'Serena Williams géint d'Maria Sakkari aus Griichenland, dëst mat 6:3, 6:7 a 6:3. D'Belsch Elise Mertens wënnt mat 6:3 a 6:3 géint d'Sofia Kenin, déi bei dësem Tournoi op Nummer 2 gesat war.