Internationale FuttballKnapp Victoire fir Barcelona mat 2:1 géint Rayo

RTL Lëtzebuerg
Am europäesche Futtball ass e Mëttwoch den Owend ënnert anerem an England, Italien an a Spuenien de Ball gerullt.
© AFP Archivbild

Premier League

Chelsea - Wolverhampton Wanderers 0:0

Den Thomas Tuchel huet mam FC Chelsea bei senger Première een Erfollegserliefnes verpasst. Nëmme knapp 24 Stonnen nodeems den Däitschen d’Successioun vum Frank Lampard als Trainer beim englesche Spëtzeveräin iwwerholl huet, sinn d’Blues net iwwert een 0:0 géint Wolverhampton Wanderers erauskomm.

An de leschte 6 Matcher ass Chelsea nëmmen eng Victoire gegléckt.

Manchester United - Sheffield United 1:2
0:1 Bryan (23'), 1:1 Maguire (64'), 1:2 Burke (74')

Manchster United huet eng Victoire géint den Tabelleleschte Sheffield United verpasst. Am eegene Stadion huet ee sech iwwerraschend misse mat 1:2 geschloe ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Coppa Italia

Atalanta Bergamo - Lazio Roum 3:2
1:0 Djimsiti (7'), 1:1 Muriqi (17'), 1:2 Acerbi (34'), 2:2 Malinovsky (37'), 3:2 Miranchuk (54')

Out fir Lazio Roum an de 1/4-Finalle vun der Coppa Italia. Auswäerts huet ee sech misse mat 2:3 géint Atalanta Bergamo geschloe ginn.

Juventus Turin - SPAL 4:0
1:0 Morata (16'), 2:0 Frabotta (33'), 3:0 Kulusevski (78'), 4:0 Chiesa (90'+4)

Keng Problemer hat Juventus Turin géint SPAL. Duerch Goler vum Morata (Eelefmeter) an dem Frabotta stoung et an der Paus schonn 2:0. An den zweete 45 Minutten huet d’Juve de Match weider geréiert an um Enn no Goler vum Kulusevski an dem Chiesa mat 4:0 gewonnen.

Copa del Rey

FC Sevilla - Valencia 3:0
1:0 de Jong (20'), 2:0 de Jong (33'), 3:0 Rakitic (38')

Den FC Sevilla ass an der spuenescher Coupe eng Ronn weider. An den 1/8-Finallen huet ee sech mat 3:0 géint Valencia behaapt. D’Decisioun war schonn an der éischter Hallschent gefall, dat duerch zwee Goler vum de Jong an engem vum Rakitic.

Rayo (2. Divisioun) - Barcelona 1:2
1:0 Fran Garcia (63'), 1:1 Messi (69'), 1:2 de Jong (80')

Barcelona ass nëmme sou just enger Blamage entgaangen a packt et no engem knappen 2:1 beim Zweetliist Rayo an d'1/4-Finall.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO