
SC Freiburg - Hertha Berlin 4:1
1:0 Grifo (7.’), 1:1 Lukebakio (52.’), 2:1 Demirovic (59.’), 3:1 Gulde (67.’), 4:1 Petersen (90.+4.’, Eelefmeter)
Schonn an der 7. Minutt konnt Freiburg a Féierung goen an dësen huet de Berliner wéi gedoen. No enger Flank vum Schmid koum de Grifo op 6 Meter zum Kappball an huet sech dës Chance net entgoe gelooss. D’Hertha konnt sech an der ganzer éischte Hallschent net richteg an d’Zeen setzen a Freiburg huet awer och seng Chancen net genotzt fir d’Féierung weider auszebauen.
No der Paus ass de Gäscht awer den Ausgläich duerch de Lukebakio gelongen no enger Flank vum Dilrosun. Freiburg huet allerdéngs net laang gebraucht fir op dee Gol ze reagéieren a konnten nëmme 7 Minutte méi spéit duerch den Demirovic nees a Féierung goen. Fir d’Virentscheedung huet de Gulde an der 67. Minutt gesuergt wéi en e Corner vum Grifo an de Gol käppe konnt. An der Nospillzäit ass dem Petersen mat engem Eelefmeter nach en Joker-Gol gelongen.
VFL Wolfsburg - VFB Stuttgart 1:0
1:0 Brekalo (49.’)
An der éischter Hallschent war Wolfsburg déi besser Ekipp an hat méi Spillundeeler. An der 31. Minutt haten se Pech wéi se e Gol vum Gerhardt oferkannt kruten wëll den Arbitter e Stoussen Bialek géint den Anton als Foul gesinn huet.
An der 49. Minutt huet den Anton op 18 Meter den Aarm ausgefuer an et gouf Fräistouss fir Wolfsburg. Dësen wollt de Brekalo an de Golkippseck schéissen mee de Ball gouf vum Wamangituka onhalbar ofgefälscht, de Kobel gouf um falsche Fouss erwëscht an esou ass de Ball an de Gol gerullt. An der 70. Minutt hat Stuttgart déi grouss Chance op den 1:1 mee de Gonzalez huet virum Gol de Ball net richteg getraff.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Tottenham Hotspurs - Leicester City 0:2
0:1 Vardy (45.+4.’, Eelefmeter), 0:2 Alderweireld (59.’, Eegegol)
An der éischter Hallschent koumen béid Ekippen net oft geféierlech virun de géigneresche Gol bis kuerz virun der Paus. Do huet den Aurier de Fofana ganz onnéideg ëmgerannt an den Arbitter huet op de Punkt gewisen. An der 4. Minutt vun der Nospillzäit huet de Vardy den Eelefmeter fir den 1:0 an de Gol geschoss.
An der 48. Minutt huet de Maddison op 2:0 erhéicht mee de Spiller vu Leicester stoung ganz knapps am Abseits. Ganz onglécklech huet dann den Alderweireld an der 59. Minutt ausgesinn wéi en de Ball mam Knéi an den eegene Gol geschoss huet. Vill Grouss Chancen haten d’Spurs net méi a verléieren domadder den zweete Match hannerteneen.
Manchester United - Leeds United 6:2
1:0 McTominay (2.’), 2:0 McTominay (3.’), 3:0 Bruno Fernandes (20.’), 4:0 Lindelöf (37.’), 4:1 Cooper (41.’), 5:1 James (66.’), 6:1 Bruno Fernandes (70.’, Eelefmeter), 6:2 Dallas (73.’)
Manchester United ass optimal an de Match gestart wéi se schonn no 3 Minutten mat 2:0 a Féierung louchen duerch zwee Goler vum McTominay. Och no dësen 2 Goler hu se net locker gelooss an an der 20. Minutt konnt de Bruno Fernandes op 3:0 erhéijen. Mam 4:0 duerch de Lindelöf an der 37. Minutt war de Match eigentlech schonn entscheet. Leeds huet d’Moral trotz allem net verluer a war ëmmer gewollt nach no vir ze spillen. Sou ass hinnen an der 41. Minutt och den 1:4 duerch de Cooper gelongen.
2 weider Goler vum James (66.’) a Bruno Fernandes (70.’) hunn awer keng Zweiwel opkomme gelooss. Mee och elo huet Leeds säi Futtball weidergespillt an hunn an der 73. Minutt duerch den Dallas op 2:6 verkierzt. Och Leeds hat 16 Schëss op de Gol ze verzeechnen mee d’Effizienz huet schlussendlech gefeelt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Sassuolo - AC Mailand 1:2
0:1 Rafael Leao (1.’), 0:2 Saelemaekers (26.’), 1:2 Berardi (89.’)
Den AC Mailand huet ganz gutt an de Match fonnt a konnte schonn an der 1. Minutt mat 1:0 a Féierung goen duerch e Gol vum Rafael Leao no Virlag vum Calhanoglu. Nëmme 25 Minutte méi spéit stoung et 2:0 nodeems Milan e Konter perfekt ausspille konnt bei deem um Enn de jonke Saelemaekers de Ball an de Gol schéisse konnt.
An den zweete 45 Minutten huet Sassuolo villes probéiert mee meeschtens stoung de staarken Donnarumma am Gol vun de Mailänner. An der 89. Minutt ass hinnen dann awer nach den Uschloss duerch de Berardi gelongen nodeems den Hauge de Ball onhalbar ofgefälscht hat.
Lazio Roum - SSC Neapel 2:0
1:0 Immobile (9.’), 2:0 Luis Alberto (56.’)
Inter Mailand - La Spezia 2:1
1:0 Hakimi (51.’), 2:0 Lukaku (71.’, Eelefmeter), 2:1 Piccoli (90.+4.’)
Atalanta Bergamo - AS Roma 4:1
0:1 Dzeko (3.’), 1:1 Zapata (59.’), 2:1 Gosens (70.’), 3:1 Muriel (72.’), 4:1 Ilicic (85.’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Dijon - AS Monaco 0:1
0:1 Volland (15.’)
OSC Lille - Paris SG 0:0
An engem schwaache Spëtzematch trenne sech béid Ekippen mat 0:0 an domadder bleift Lille op der 1. Plaz. An der éischter Hallschent huet de PSG méi Opwand bedriwwen mee krut sech awer kaum gutt Chancen erausgespillt. Och Lille huet et mat hire Konter net vill besser gemaach.
Och no der Paus hu béid Ekippen sech net getraut offensiv ze spillen an haten Angscht Feeler ze maachen. Sou ass dëse Match dann och logescherweis mat engem 0:0 op en Enn gaangen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Eibar - Real Madrid 1:3
0:1 Benzema (6.’), 0:2 Modric (13.’), 1:2 Kike Garcia (28.’), 1:3 Vazquez (90.+2.’)