
De Golfemirat Katar wëll seng Kandidatur stellen, fir 2032 d'Olympesch Summerspiller z'organiséieren.
De Katar hätt en offizielle Bréif un den Internationalen Olympesche Comité geschéckt. Interessi un deene Spiller hätten och Däitschland, Australien an Indien.
D'Katarer organiséiere jo an zwee Joer d'Futtballweltmeeschterschaft. D'FIFA, déi international Fussballfederatioun, hat scho ferm Kritik missen astiechen, well een et am Katar mat de Mënscherechter net esou genee hëlt, an et am Summer bei Temperaturen ëm déi 50 Grad quasi onméiglech ass, Sport ze maachen.